Et gesäit een engem Déier net of wat et huet, an och wann verschidden Symptomer optrieden an ee séier googele geet, kann een awer dernieft leien. Souguer Spezialisten brauchen heiansdo eng zweet oder drëtt Chance, bis se eraushunn wat dem Déier feelt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall derbäi, wou een och fir d'éischt op der falscher Plaz gesicht huet.

De jonke Portugisesche Waasserhond Jimmy hat seng Leit no annerhallwem Joer esou wäit, dass si hien „a gutt Hänn“ ofginn wollten. Hee war vun Ufank un immens fäertereg, hat bal nonstop Duerchfall an huet wa seng Leit hien emol hu missen eleng loossen, gebillt, gehuerelt, Alles kuerz a kleng gebass an dann nach grouss a kleng Kommissiounen drop verdeelt. Wéi en dunn och nach ugefaangen huet, ze knuren a mat den Zänn ze flätschen wann een him e Collier wollt undoen, war d´Mooss voll. Seng Leit hunn hien elo och gefaart a wosste net méi, wéi si mat deem komplizéierten Déier am Stot sollten eens ginn.

27-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - Problemer mat der Schilddrüs - Diagnos

Mais et gëtt jo haut och fir Déieren Spezial-Coachen an esouguer "Psychopharmaka". Um Ufank gouf och gemengt, den Jimmy hätt Trennungsangscht, wougéint et e ganz gutt an effikasst Medikament gëtt.

Beim Jimmy hunn d´Clomipramin-Pëllen awer guer net gegraff. An déi drëtt Honnstrainerin huet, well de jonke Ritt sech an engem Stéck ënnen erëm geschnoffelt a geleckt huet, gemengt, seng Problemer wiere vläicht hormonell, eng Kastratioun kéint dann hëllefen.  Dowéinst koumen d´Leit dunn och mat him an d´Praxis wou eng Bluttënnersichung d´Diagnos an domat d´Erklärung fir all seng Problemer bruet huet: de Jim hat eng schwéier Insuffizienz vun der Schilddrüs. Säin Duerchfall, d´Angscht an och seng Roserei hunn no e puer Wochen Ersatz-Therapie mam Schilddrüsenhormon "Thyroxin" opgehale. De Jimmy ass haut nach e bësschen méi wibbeleg wéi aner Honn vu senger Rass awer soss nees d´Guttheet a Persoun.

27-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - Problemer mat der Schilddrüs - Behandlung