Virun der Pandemie huet sou gutt wéi keen eppes vun Télé-Travail gehéiert, an Home-Office war e Friemwuert. Entretemps huet sech dat agebiergert an et ass eng Normalitéit ginn, fir e puer Stonnen oder Deeg pro Woch, wou dat méiglech ass, vun doheem aus ze schaffen. Den Dokter Marc Keipes, Direkter vum ZithaGesondheetszenter op der Gare beschäftegt sech haut mat de Konsequenzen.

Réckewéi huet jo och epidemesch Ausmoossen. Wat ass elo wärend där rezenter Pandemie mat der Epidemie vum Réckewéi geschitt? Viru Corona ass zu Malta schonn eng Etüd ugaange, déi erausfonnt huet dass ongeféier 30% vun de Leit sech iwwer Réckewéi bekloen. 60% haten dat éischter am ënneschten Deel vum Réck, de Recht huet sech verdeelt op d'Nuque an eben den ieweschten Deel vum Réck.

28-09-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Konsquenzen vun der Pandemie

An d'Pandemie huet d'Situatioun alles aneschter wéi verbessert.

Wärend der Pandemie ass dat bis zu 70% eropgaangen, haaptsächlech bei de Leit déi confinéiert waren, op 52% vun de Leit mam Télétravail. 56% hunn zougeholl, 26% hunn opgehalen mam Sport, 7% hunn erëm ugefaangen mat fëmmen etc. Den Haaptgrond fir de Réckewéi war awer net nëmmen d'Sédentaritéit mä virun allem eng Ergonomie vum Büro déi net méi ugepasst war. D'Leit souzen op hiren haarde Kichestill beim Kichen- oder Stuffendësch déi net ugepasst konnte ginn. Also wann schonn Télétravail da wgl gutt Material an all Stonn fir 5 besser nach 10 Minutten opstoen a sech beweegen. Da bleift der gesond.

28-09-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Réckewéi duerch d'Pandemie