De Moie souz ech gemittlech doheem ze liesen, hunn duerno iwwert mäi Bicherregal gekuckt a mech gefrot, wéi vill Bicher ech scho gelies hunn, a wéi vill der nach dobäi komme wäerten. An och wéi vill Bicher et iwwerhaapt op der Welt gëtt.

27/09/2022 Et kann ee guer net all d'Bicher op der Welt liesen

Eng international Etüd huet erausfonnt, datt de Mënsch an der Moyenne 250 Wierder an enger Minutt liest. Dat ass och an der Moyenne déi Zuel Wierder déi op enger Säit stinn. Also liest een ongeféiert eng Säit pro Minutt.

Einfach mol ugeholl et hätt ee soss näischt am Liewen ze dinn, an et géif een 8 Stonnen den Dag liesen, kéim een also op knapp 500 Säiten an engem Dag. Een duerchschnëttleche Roman huet 300 Säiten, also wier dat ongeféier 1.5 Bicher den Dag.

Dat si knapp 550 Bicher am Joer.

A wann ee vun enger duerchschnëttlecher Liewenserwaardung vun 82 Joer ausgeet, an een normalerweis eréischt mat 7 Joer relativ fléissend liese kann (fir d'Rechnung méi einfach ze maachen ginn ech och dovun aus, datt d'Vitesse mat där ee liest ëmmer déi selwecht bleift), sinn dat ronn 40 000 Bicher am Liewen.

U sech eng houfreg Zuel, déi natierlech vill méi kleng ass, well déi mannst 8 Stonnen den Dag, an dat all Dag maachen. Mä egal.

An der Nationalbibliothéik ginn et 1.8 Milliounen Dokumenter. Dat setzen ech elo mol einfach gläich mat "Bicher". Deemno kéint ech am Liewen eppes méi ewéi 2 Prozent vun allen Dokumenter an der Nationalbibliothéik liesen.

Weltwäit gesinn, huet Google viru méi ewéi 10 Joer eng Kéier geschat, ginn et 130 Millioune Bicher. Deemno kéint ech am Liewen just 0.03 % vun alle Bicher op der Welt liesen, woubäi der an deene leschte Joer bestëmmt nach eng Partie dobäi komm sinn, an de Prozentsaz doduerch nach méi kleng gëtt.