Wie kennt net déi typesch Fotoe vun der Golden Gate Bridge zu San Francisco, déi sech am Niwwel verstoppt? Ma net nëmme wéinst der gigantescher rouder Bréck, mee och wéinst dem wiesselhafte Wieder ass d'Stad bekannt. Wärend an dem engen Deel vun der Stad d'Sonn schéngt, ass en aneren Deel vum Niwwel verschléckt. Wéinst der Klimaerwiermung, kéint dat sech awer an de nächste Joren änneren. De Max Richartz

05/10/2022 Niwwel zu San Francisco gëtt manner

Net jiddwereen ass frou mam Niwwel. Et gesäit een näischt op de Stroossen an et ass kal. Ma zu San Francisco sinn d'Leit frou, dat se esou vill Niwwel hunn. Doduerch spueren si sech nämlech Käschte fir eng deier Klimaanlag. Duerch de Niwwel killt et nämlech immens of. Mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 21 Grad Celsius an de Summerméint, ass d'Niwwelstad déi keelste Groussstad an den USA ausserhalb vun Alaska. Ma duerch d'Äerderwiermung ginn et awer ëmmer manner Niwweldeeg. Zu Los Angeles ass d'Zuel vun de Niwweldeeg an deene leschte Joren immens erof gaangen. Ma wei gesäit et da bäi eis aus? De Meteorolog Jörg Kachelmann um RTL Mikro.
"Es gibt eigentlich im Moment bei uns nicht weniger Nebel. Es gibt aber im westlichen Kalifornien weniger Nebel, einfach deswegen, weil der Nebel dort entsteht, weil ja das Wasser sehr kalt ist und das Land sehr heiß ist. Dann wird, wenn die Luft mal etwas feuchter ist, wird das dann immer in Küstennähe abgekühlt. Dann entsteht der Nebel. Bei uns gibt es kein kaltes Wasser und entsprechend hat sich an der Nebelhäufigkeit bisher nicht viel geändert."

Ma de Niwwel schount net just de Portmonnie, mee ass och immens wichteg fir den Ökosystem op der kalifornescher Küsteregioun. D'Redwoods-Mammutbeem, déi bis zu 100 Meter héich kënne ginn, decken zum Beispill 30-40 Prozent vun hirem Bedarf u Flëssegkeet iwwer de Niwwel. Déi grouss Bamkrounen déngen als eng Aart Filter. D'Beem kréien esou wichteg Närstoffer an duerch Drëpse vun de Blieder, déi erof falen, profitéiert och de Buedem dovun. Ma och op anere Plaze ka vum Niwwel profitéiert ginn.
"Zum Beispiel im Westen von Chile. Wenn dort der Küstennebel dann Richtung Berge hochgetragen wird, dann ist das dort eine Hauptfeuchtigkeitsquelle, weil dann eben diese Wassertröpfchen dann abgelagert werden an den westlich gelegenen Berghängen und das kann dann auch regelmäßigen Regen ersetzen. Das wird zwar dann kein blühender Garten Eden, aber es ist eben an diesen Stellen, wo der Nebel häufiger ist, dann auch keine Wüste mehr."

Niwwel ass am Fong eng Wollek, déi um Buedem leit. Deemno ass et logesch, dat en de meeschten Niwwel op de Bierger fënnt. Ma an den Däller ass et awer och oft niwweleg.
"In den Tälern kann sich die Luft besser abkühlen. Es gibt keinen Austausch oder weniger Austausch. Entsprechend gibt es in Tälern im Winter mehr Nebel, das sieht man ja auch an der Mosel und anderswo."

Wien also duerch d'Wolleke fuere well, weess elo wou en hi muss.