Sidd dir Fan vun der ganzer True-Crime-Euphorie? Oder lauschtert dir gär Podcasten?
Egal wéi är Äntwert ausgefall ass, kéint d'Serie Only murders in the building eppes fir iech sinn.

03/10/2022 Série iwwer Sérien (Only murders in the building)

Only murders in the building mécht op eng léif Aart de Geck mat deenen zwou Saachen: also datt vill Leit mëttlerweil denken, datt si Verbrieche selwer léise kënnen an datt och jidderee mengt, datt en e Podcast maache misst. Et ass wierklech wichteg, datt ee sech beim Kucken direkt bewosst ass, datt et ironesch gemengt ass an dofir Villes och express iwwerdriwwen ass.

An den USA ass Only murders in the buidling schonn e risen Hit, dat sécherlech och wéinst de Schauspiller, déi matwierken: de bekannte Comicer-Duo Steve Martin/Martin Short gëtt vum Popstar Selena Gomez ergänzt. De Steve Martin huet d’Serie iwwregens och an d’Liewe geruff. Donieft ginn et vill Star-Gäscht wéi de Sting, d’Tina Fey, d’Cara Delevigne a ganz vill Broadway-Gréissten. Den Nathan Lane huet och en Emmy fir säi Gaaschtoptrëtt kritt.

Wat geschitt an der Serie?

Mir sinn an engem groussen, exklusiven Appartementskomplex, dem Arconia (d’Gebai ass erfonnt) an der Upper West Side zu New York. Am Gebai geschitt e Mord an déi 3 True-Crime-Fane maache sech bei den Noperen op d’Sich nom Mäerder a begleeden dat mat engem Podcast, deen Only murders in the building heescht.

Wat stécht besonnesch positiv ervir?

Et ass einfach mol eppes anescht. Vill Serië schaffen ëmmer mat de selwechte Coden, si si berechenbar, et kann een d’Dialoger schonn deelweis direkt matschwätzen, an dat ass hei net sou. Et gëtt een iwwerrascht, et laach ee vill, et gi vill flott Punch-Lines an et ass e flotte kreative Stil an der Serie. Et gëtt zum Beispill en daf-stomme Personnage an an enger Episod begleede mir hien, sou datt wärend 20 Minutte quasi net geschwat gëtt.
De Stil vun der Serie ass awer sécher net fir jiddereen, et ass awer labber, flott Ënnerhalung, déi dir op Disney+ fannt. Vill Spaass beim Kucken.