Fänke mer mat der gudder Nouvelle un: et ginn nees méi Tigeren op der Welt. Mee well leider gëtt et e "Mee", Nicky Soisson, ass hire Liewensraum an de leschten 100 Joer ëm ronn 95 Prozent geschrumpft.

03/10/2022 Gréng Minutten: Et ginn nees méi Tigeren

D'Tigere sinn effektiv en Erfollegsbeispill vum Aarteschutz well a verschiddene Länner, wéi Indien a Russland, huet sech d'Zuel vun dëser grousser, wëller Kaz verduebelt an am Nepal sou guer verdräifacht!
 
Mee méi Tigere kënnen awer och méi Konflikter mat Mënsche bedeiten. Well mam Ofholze vun de Bëscher koexistéiere mënschlech Siidlungen deels quasi mat de Predateuren. An da kann et scho mol geschéien, dass den Tiger sech bei d'Notzdéiere vum Mënsch oder soss eben um Mënsch selwer zerwéiere geet wann de Mo grommelt. A well jo kee gär vun engem Tiger gefriess gëtt, ginn dës dann ebe vun de Leit ëmbruecht. An riskéiert de Bestand vun de wëlle Kazen dann iergendwann nees ze schrumpfen. Ma net nëmmen dowéinst. Och dat wëllt Joen ass fir d'Tigeren e Problem: Leit joen se deels illegal - ënnert anerem och well verschidden Deeler vun hinnen an der chinesescher Medezin beléift sinn. Ma och déi Déieren déi den Tiger frësst, gi gejot wat dann dozou féiert, dass dat wëllt Déier eventuell net méi vill ze friesse fënnt. Fir dass den Aarteschutz deen iwwert d'Jore bedriwwe gouf fir d'Tigeren um Liewen ze erhalen net fir d'Kaz war, wann een dat dann hei esou soe kann, brauch een onbedéngt méi Liewensraum fir déi fräi liewend Déieren.

Der WWF no kéimen heivir ronn 1,7 Millioune Quadratkilometer a 15 Länner a Fro an deenen et aktuell oder iergendwann eng Kéier Tigere gouf.

Allerdéngs ginn et och Länner an deenen et en däitleche Réckgang gëtt wéi zum Beispill a Malaysien. An Indonesien gesäit et net vill besser aus ma do ginn et, wéi a ville Länner, nach keng offiziell Zuelen. Am Cambodge, am Laos an am Vietnam wier den Tiger an Tëschenzäit sou guer schonn ausgestuerwen. Den neiste Schätzungen no géingen et aktuell weltwäit 4500 Tigere ginn déi an der fräier Natur liewen. Dat sinn der 1300 méi wéi nach virun 12 Joer. An eleng 3000 vun hinne liewen iwwregens an Indien.

Ma d'Organisatioun déi sech fir d'Déieren asëtzt, gesäit mëttelfristeg Chancen den Tiger och nees a Länner unzesidelen an deenen en ausgestuerwen ass.