Den 2. Oktober ass anengems och de Gebuertsdag vum Mahatma Gandhi, deen als friddleche Revolutionär déi indesch Geschicht verännert huet.

Haut Sonnden, 2. Oktober ass de Weltdag vun der Gewaltlosegkeet. En Aktiounsdag, deen och dëst Joer nees op ville Plazen op eisem Planéit leider op daf Ouere stéisst.
2007 huet den deemolegen indeschen Ausseminister Anand Sharma d'Propose gemaach, dem Mahatma Gandhi säi Gebuertsdag fir dëse Weltdag festzehalen.
Sënn an Zweck war an ass d'Verbreede vum Bewosstsinn fir d'Gewaltlosegkeet, ë.a. duerch Bildung a Medien. De Prinzip vun der Gewaltlosegkeet ass vun universeller Bedeitung, well d'Verlaangen no enger Friddenskultur, Toleranz a Respekt Grondbegierde vun alle Mënsche sinn.
An esou sinn dann all Joers um 2. Oktober all Memberlänner an Organisatioune vun der UNO awer och all Eenzelen dozou opgeruff, duerch Bildungsaktiounen an Ëffentlechkeetsaarbecht fir d'Gewaltlosegkeet ze plädéieren a sech dofir z'engagéieren. Bewosst nom grousse Virbild vum Pazifist Mahatma Gandhi an all deenen, séi sech ouni Gewalt géint Onrecht an Ongerechtegkeet agesat hunn, ewéi de Martin Luther King Jr. oder de Nelson Mandela.
Dediéiert ass de Weltdag net nëmmen deene groussen an aktuelle Konflikter op der Welt, mä och der Gewalt am Alldag, der Diskriminéierung an dem Rassismus. E Liewen ouni Gewalt setzt och gewësse Konditioune viraus. Zum Beispill d'Bekämpfung vun Honger an Aarmut awer och de Soutien vun de Rechter vu Fraen a Meedercher.
Et bleift nach vill ze maachen.