Hand op d'Häerz. Wien hätt am Summer gesot - wéi alles sou dréchen war, an den Wues iwwerall am Land giel ginn ass  - deen wier e puer Wochen méi spéit nees zréck, an och nees schéin gréng? Eise Gaardenexpert, de Jeannot Lacour gëtt gären zou, dass hien déi Wett verluer hätt. An mam Reen vun dësem Weekend soll een d'Gaardegeschier och ewech stellen.

Lo kann ech näischt méi maachen. T'ass natierlech och naass mat deem Reen vun haut. Mat deem Reen vu muer deen gemellt ass, sollt een net méi dra goen fir ze vertikutéieren zum Beispill. Dat gëtt e Risebulli wann ech do mat der Maschinn erafueren. Séinen ass et och schonn richteg kal an der Nuecht, dee keimt dann och schonn bal guer net méi, wann d'Temperaturen net méi géifen klammen. Ech géif wierklech do d'Fanger ewech loossen bis d'Fréijoer wann ech nach e puer Lächer do dran hunn. Dann ech vertikutéieren fir den doudegen Wues eraus ze huelen. Fir de Wues deen dann och nach iwwer de Wanter futti geet, wou bësschen giel dra kënnt eraus ze huelen.

01-10-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Wues roue loossen

Wien nawell ausséine wëll muss awer wëssen wéi een et richteg mécht fir dass een och e schéint Resultat kritt.

Ganz wichteg, de Som muss Buedemkontakt hunn. De Som muss um Buedem leien, net um Wues leien, well do keimt en net. Wann ech dann noséien mat enger Walz oder mat enger Schëpp uklappen, oder mat enger Walz driwwer fueren, fir en unzedrécken, bësschen Buedem driwwer an dann natierlech am Fréijoer richteg düngen, dann hu mer am Fong dee Wues erëmkritt wou mer haten, a wou mer all geduecht hunn, mir missten de Wues all frësch maachen, wat net de Fall ass.

01-10-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Wues séien