124 Oldtimer waren e Freideg beim deem schéinste Wieder un den Depart vum "Luxembourg Classic" gaangen. Et war déi zweet Editioun vun dësem Rallye wou et engem Roadbook no, duerch déi schéinsten Eckelcher vum Land goung, an d'Auer ass de ganzen Zäit matgelaf.
E Samschdeg géint 14h30 koumen déi flott Gefierer beim Palais un. Hei hu se den schwaarzwäisse Fändel gesinn, an och vill Leit hu sech dee Spektakel, trotz Reen net entgoe gelooss, a Fotoen gemaach.

03/10/2022 2't Editioun 'Luxembourg Classic'-Oldtimer-Rallye
03-10-2022 Luxembourg Classic Rallye - Ed Goedert

An engem bronge Porsche 911, 2,7 Liter mat 165 PS, koum den Tatort Kommissär Richie Müller un. Hien ass perséinlech Baujoer 1955, säin Auto vum 7/7/1970, an den däitschen Acteur ass begeeschtert fir Auto ze fueren an dobäi schéin Géigenden kennen ze léieren.

03-10-2022 Luxembourg Classic Rallye - Richie Müller