Datt d'Autoritéiten a China kuerze Prozess maachen, wann ee sech net un hir Reegele hält, ass jo gewosst. Dofir wonnert et mech, datt et iwwerhaapt Leit ginn, déi sech traue fir falsch ze parken. Deenen hire Social Score muss dach am Keller sinn.

Mä d'Pecherten a China si gutt drun, wa si Autoe gesinn, déi anerer äiskal zougeparkt hunn. Dann huele si hiren Handy eraus, ruffen iwwert d'App ee Roboter deen ewéi eng Brëtsch ausgesäit, steieren deen dann ënnert den Auto deen hënnert. De Roboter fiert Äerm aus, déi d'Rieder festhalen, hiewen dann Auto op a féieren en da fort. Déi kleng Roboter kommen och op Plaze bäi, wou eng Depanneuse keng Chance méi huet.