Dat nächst Kapitel am Schachskandal ëm den dänesche Weltmeeschter Magnus Carlsen an dat jonkt Talent, den Hans Niemann aus den USA geet an eng nächste Ronn. Dem Niemann gëtt reprochéiert méi wéi just eng Kéier gefuddelt ze hunn. D’Plattform «chess.com» huet hier Enquêten ofgeschloss a wëll d’Resultater dës Woch verëffentlechen. De Max Richartz huet sech déi Saach méi genee ugekuckt.

06/10/2022 Kann ee beim Schach fuddelen?

Zanter den Newcomer Hans Niemann virun e puer Woche bäi engem renomméierte Schachturnéier géint de Weltmeeschter Magnus Carlsen gewonnen hat, kachen d'Gefiller an der Schachwelt iwwert. Hie sollt d’Partie nämlech net mat faire Mëttele gewonnen hunn. Mee kann een iwwerhaapt fuddelen am Schach? Mir hu beim Schachspiller an Trainer Jean-Paul Goerens nogefrot.
"An enger Schachpartie dierf ee keng Hëllefsmëttel benotzen, wéi zum Beispill Rotschléi vun engem Trainer oder Kolleeg, Noschloen an engem Schachbuch oder Benotzen vun engem Schachprogramm op Computer oder Handy. Hëllef vun engem Kolleeg ass et bestëmmt schonn ëmmer ginn. Dat gëtt et och nach Haut. D’Arbitteren mussen am Prinzip gutt oppassen an de Partien."

Den 19 Joer jonken Niemann hat schonns zouginn am Alter vun 12 a 16 Joer beim Online-Schach gefuddelt ze hunn. Zanterhier hätt hien awer ëmmer fair gespillt an ass sech deemno kenger Schold bewosst. Dat gëtt awer net iwwerall esou gesinn. Nieft dem Weltmeeschter beschëllegt och déi gréisste Schachinternetsäit vun der Welt den Newcomer. No wochelaange Recherchen huet «chess.com» dës Woch an engem Communiqué annoncéiert, datt si dës Informatioune dës Woch mat der Ëffentlechkeet deele wëllen.
Wat genee un d’Liicht soll kommen, ass momentan just Spekulatioun. Warscheinlech wäerten se awer nach méi Täuschungen vum jonke Schachspiller opdecken. Viru puer Wochen hate si schonns gesot, datt si detailléiert Beweiser virleien hätten, déi den Niemann belaaschte géingen. Mee wat kann een dann géint d'Fuddelen maachen?"A verschidden Tournéieren ass all Gespréich verbueden, mee bekanntlech ass Kommunikatioun och ouni Sproch méiglech zum Beispill duerch Gesten. D’Schachprogrammer déi een haut gratis oder fir wéineg Geld op Computer oder Handy ka eroflueden si mëttlerweil vill méi staark wéi de normalen Schachspiller a vill besser wéi déi bescht Groussmeeschter, Bon vill besser villäicht net, mee besser. Et ass also natierlech verbueden en ugeschaltenen Handy bäi sech ze hunn an et ass och verbueden mat engen ausgeschaltenen Handy op Toilette oder eng fëmmen ze goen."

Bei verschiddene Turnéier ginn d'Spiller esouguer vu Metalldetektere gescannt. Des Fuddel-Affär geheit jiddefalls en donkele Schiet op d’Schachszeen.
D'Fairplay Kommissioun FPL vum Schachverband Fide huet elo Ermëttlunge souwuel géint de Niemann wéi awer och géint de Carlsen opgeholl an iwwerpréift op Fakte virleien oder et falsch Beschëllegunge sinn, déi de Carlsen mécht.