Wann een sou séier a sou galant ënnerwee ass wéi eng Kaz , mussen all Organer funktionéieren. Net just déi 4 Patten an d'Gehéier, mä och op déi zwee Aen ass d'Déierchen ugewisen. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall wou dat leider net méi de Fall ass, an et sollt nach méi schlëmm kommen.

De Blacky, en ale pechschwaarze Kueder, huet aus sengem engem verbliwwenen A op eemol ganz vill getréint. A seng Meeschtesch huet eis och gebieden, emol ze checken, op hien iwwerhaapt nach eppes geséich. Fir ze drénken, misst hien ewell mat enger Patt taaschten, wou d´Waasserdëppchen stéing, wat hien soss ni gemaach hätt.

08-11-2022 Déierentipp - Romi Roth - Aeproblemer bei enger Kaz - Ursaachen

Wéi traureg, an dat aremt Déier hat scho nëmmen een A

Et war bei beschte Wëllen nitt erauszefannen, wouwéinst dem Blacky säi rietst A virun e puer Joer erausgeholl gouf. Säi lénkst war op jiddwer Fall elo och uerg an de Laberenten.  All Testmethoden, déi en Hausdéierendokter huet, fir ze checken, op nach eng Visioun do ass, waren negativ. An d´Moosse vum Bluttdrock um Schwanz vun eisem gedëllege ale Kazepatient, grad wéi seng Nierewäerter, déi allen zwee vill ze héich waren, hunn och gewise firwat: de Blacky hat vill ze héije Bluttdrock. An dat zweet A war drop an drun och missen erausgeholl ze ginn. Mais no e puer Wochen Therapie mat engem Anti-Hypertonikum, engem Medikament géint den och soss bei Kazen liewensgeféierlechen Bluttiwwerdrock huet de Blacky nees gesinn wéi e Luuss.

08-11-2022 Déierentipp - Romi Roth - Aeproblemer bei enger Kaz - Traitement