Déi meescht vun eis benotzen se direkt e puer mol den Dag, verschiddener vergiesse se mol des Ëfteren a fir nach anerer ass et e carrement Luxus. Mir schwätze vun der Zahnpasta. Et gëtt se a vill verschiddene Faarwen a Goûten a fir all Zweck. Eng Fro bleift awer nach op: Kann Zahnpasta eigentlech ëmgoen?

11/11/2022 Kann Zahnpasta ëmgoen?

"D'Äntwert heirobber ass kloer Nee! Ganz einfach. Oder awer net? Hei lount sech effektiv mol e méi geneeë Bléck. Wie scho mol sou en Tüb am Detail gekuckt huet, deen huet deemno wéi laang no engem Verfallsdatum gesicht. Dëst läit dorunner, dass et eng Direktive fir kosmetesch Mëttel op europäeschem Niveau gëtt déi seet, dass Produkter a Kosmetik déi sech méi laang wéi 30 Méint halen, net mat esou engem Datum musse versi ginn."

Dat heescht jo dann: esou laang den Tüb zou ass, ass d'Zahnpasta minimum 30 Méint gutt?

"Jein, well hei gëtt et och eng Ausnam, wéi dat jo ëmmer sou ass. An zwar fir Zahnpasta déi als medezinescht Produkt deklaréiert ass, sollt sech un de Verfallsdatum gehale ginn deen een op der Packungsbäilag fënnt.
Risike ginn et elo direkt awer keng, well grondsätzlech kann een de Produit nach benotzen well et ass just d'Wierksamkeet vun deene verschiddenen Inhaltsstoffer déi mat Zäit noloosse kann. Donieft kann d'Zahnpasta och eventuell hire Goût verléieren, ma dat ass awer alles net schiedlech."

Ma och hei heescht et nees: Ausname bestätegen d'Reegel well bei Zahnpasta mat Fluor ass meeschtens Verfallsdatum drop.

"Fluor ass dee wichtegste Bestanddeel fir Karies ze vermeiden an d'Zänn ze stäerken. Ass dës ofgelaf, wierkt se eventuell net méi sou gutt. Wann d'Zahnpasta da bis op ass, da soll ee se och benotzen. Zahnpasta hält sech zwar immens laang ma wéi bei alle , wie bei all kosmeteschem Produit heescht et awer: ass den Tüb bis op, kënne Bakterien a Co dra kommen. Dofir gesäit een dacks op esou engem Produit en Dëppche mat engem Deckel deen op ass. D'Zuel déi dobäi steet, weist wéi vill Méint dësen nach ze gebrauchen ass."

Am Beschte vertraut een einfach sengen Aen a senger Nues wann et drëms geet eraus ze fannen ob e Produit nach ok ass oder net. An dësem Fall kann de Geroch an d'Konsistenz vun der Zahnpasta Opschloss ginn: ass se grimmeleg, verdréchent oder huet sech Flëssegkeet ofgesat, sollt ee léiwer en neien Tüb benotzen.