
Zesumme mat der Stad Ettelbréck an dem Lycée Technique vun Ettelbréck engagéieren sech d'Ettelbrécker Pompjeeën dofir, dat d'Affer vum Ukrain Krich waarm duerch de Wanter kommen.
Zanter bal 9 Méint ass de Krich an der Ukrain elo schonns am gaangen an elo steet déi kal Wanterzäit virun der Dier. Vun Dag zu Dag ginn d'Ëmstänn fir déi Betraffen ëmmer méi alarméierend. Ma d'Opmierksamkeet an sou och d'Spenden, huelen awer leider ëmmer méi of. Genee dowéinst gouf zu Ettelbréck eng weider Sammelaktioun an d'Liewe geruff fir d'Leit an der Ukrain esou gutt wéi méiglech duerch de Wanter ze bréngen. Den Henri Scholtes, President vun den Ettelbrécker Pompjeeën.
"Nom russeschen Amarsch an d'Ukrain hate mir als Amicale Pompjeeën Ettelbréck decidéiert d'Ukainer ze ënnerstëtzen. Doraus ass dunn eng Sammelaktioun ugelaf, wou mir mat vill Ënnerstëtzung 3 Transporter an d'Ukrain konnten organiséieren. Den éischte mat 31 Paletten den 12. Mäerz, duerno de 7. Abrëll 5 Paletten an deslescht de 25. Mee 20 Paletten. Well mir elo op de Wanter zousteieren, hu mir rëm beschloss nach esou eng Aktioun ze starten."
Ma gesammelt gi net just Sue mee och nach all méiglech aner Saachen.
"Mir sammelen dann elo Schlofsäck, Decken, Matten, Täscheluuchten, Wärmefläschen, Konserven, Verbandsmaterial, Wantergezei, Thermosënnerwäsch, Mutzen, Schaler, waarm Strëmp, genee esou wéi Hygiènesartikelen."
Fir op déi grausam Ëmstänn an der Ukrain opmierksam ze maache weist d'Ausstellung "Ukrain - Krich an Europa", wéi den Alldag vun de Mënschen an der Ukrain momentan ausgesäit.
"Do hu mir Fotoen ausgestallt, déi vun de Fotografen op de verschiddene Plazen gemaach goufen. Des Fotoe sinn am Format A3 respektiv A4 a stellen d'Realitéit an der Ukrain am Moment duer. Dës Ausstellung ass direkt nieft der Sammelplaz a leeft parallel dozou, zu de selwechten Zäiten, also ab Donneschdeg dem 17. November vu 15-20 Auer, Freides déi selwecht Zäit a Samschdes vun 10-15 Auer."
De Krich ass nach net eriwwer an besonnesch elo am Wanter brauchen d'Leit op der Plaz onbedéngt Ënnerstëtzung.
Dat Ganzt ass an der Annexe vum Lycée Technique zu Ettelbréck. Hei kann een dann seng Spenden ofgi respektiv d'Ausstellung iwwert de Krich an der Ukrain kucken.