Haut um Weltdag vun der Tëlee huet de Wecker den RTL Reporter einfach an de Sous-Sol vun der RTL City geschéckt, wou d’Patricia Steichen eis hannert de Kulissen d’Aufgabe vun der Regie erkläert huet

21/11/2022 Weltdag vun der Tëlee: RTL Reèporter hannert de Kulisse vun Tëlee Lëtzebuerg

Déi komplett Reportage vun de Moie mam Bléck hannert d’Kulisse vun eiser Tëlee, kënnt der nach emol bei eis um Web no lauschteren, an d’Resultat vun der Aarbecht vun all eisen Equippen, gesitt der wéi gewinnt den Owend bei RTL op der Tëlee.