d'Miseler Wënzer waren de Weekend op de Glacis an d'Zelter geplënnert. Do wou virun enger Woch nach Biller a Skulpturen vun der Art Week ausgestallt waren, gouf et dës Kéier manner fir d'A mä fir d'Schléck. Déi beschte Wäiner aus hire Kelleren krut een hei bei der "Fête des vins et crémants" an d'Glas. An net nëmmen der Lëtzebuerger Wäikinnigin huet et geschmaacht.

21-11-2022 Fête des vins et crémants - Leit

Och op där anerer Säit vum Comptoire, bei de Wënzer, war d'Begeeschterung grouss. Fir si war et e schéine Moment, d'Resultat vun hirer viller Aarbecht de Leit an d'Glas ze schëdden, an dann déi éischt Reaktiounen an de Gesiichter vun de Leit ze gesinn.

21-11-2022 Fête des vins et crémants - Wënzer