Mam "World Television Day" rifft d'UNO all Memberlänner dozou op de weltwäiten Austausch vun Tëleesprogrammer ze fërderen, déi sech spezifesch mat den Theme Fridden, Sécherheet, ekonomesch, sozial a kulturell Entwécklung befaassen.

21/11/2022 Op den Dag

Als Pionéier vun der Tëlee kann ee wuel den Däitschen Paul Nipkow zitéieren, deen 1884 eng spiral-geformte Scheif mat Lächer erfonnt huet, déi wärend der Rotatioun Biller zerluecht a se am Recepteur op ëmgedréinte Manéier nees zesummegesat huet - d'Basis vun der mechanescher Bildiwwerdroung.
Déi éischt beweegte Biller stamen aus der 1920er Joren. An am August 1931 gouf op der Berliner Funkausstellung deen éischten elektroneschen Televisiounsapparat presentéiert.
Eppes, ouni dat Tëlee kucken haut net méi denkbar wier, ass jo d'Telecommande. Déi gouf 1948 an den USA entwéckelt, hat deemools awer nach e wäite Wee bis an eis Stuffen. An am Oktober 1953 gouf, och an Amerika, d'Faarf-Televisioun no an no agefouert.
Mam Opdauche vum Videorekorder an de 70er Joren an uschléissend dem DVD war de Schlappekino net méi nëmmen do fir Tëlee ze kucke mä hat elo och d'Funktioun vun engem Ecran fir extern Medien.

Ronn 5,5 Milliarde Mënsche kucken weltwäit all Dag Tëlee, dat sinn 3/4 vun der Weltpopulatioun. Am meeschten, resp. am längste kucken d'Amerikaner: 282 Minutten, also bal 5 Stonnen, verbréngt den US-Bierger an der Moyenne all Dag virun der Këscht - d'Chinesen iwwregens nëmmen hallef sou vill. Hannert den Amerikaner kommen d'Japaner, d'Italiener an d'Russen.

Déi éischt Televisiounsemissioun a Lëtzebuerger Sprooch war natierlech den Hei Elei, Kuck Elei. D'Première war den 21. September 1969.