
© Patrick Greis
Sou zimmlech all Sënner waren gëschter ugesprach am LIVE! planet people mam Dan Spogen, dem Berthe Elsen-Melkert an hirem Kachbuch mat "Rezepter aus der Bauerekichen". Mat derbäi de Luc Pauly vum Vatel-Club, déi aus der LuxExpo e Schlaraffenland maachen an dem Filmkënschtler Emile V. Schlesser deen mam Jazz-Trio Reis-Demuth-Wiltgen dëse WE op Diddeleng invitéiert.

D'Berthe Elsen-Melkert kënnt aus dem Bauerewiesen. 10 Joer sinn et hier dass si dat éischt Kachbuch "Kache wéi fréier" geschriwwen huet. Duerno gouf en internationaalt Buch ausgeschafft, zesummen mat Éisträich, der Belsch, Frankräich, Italien, Däitschland an der Schwäiz, a fir hiert drëtt Kachbuch huet d'Berthe bei hire Facebookfrënn ugeklappt, an erauskoum "Rezepter aus der Bauerekichen" mat 116 einfache Rezepter ouni Chimie a Konservéierungsstoffer.


De Luc Pauly vum Vatel-Club versprécht eis déi bescht Mäifelcher vun haut bis e Mëttwoch an der LuxExpo op der Expogast. Jiddereen dee wëll kann den 400 Participanten aus 55 Länner an 12 Profikichen iwwer d'Schëller luussen. Bei der Weltmeeschterschaft vun de Käch gëtt all véier Joer déi bescht Ekipp gesicht, déi d'Jury iwwerzeegen kann. Eng éischte Kéier beim "Culinary World Cup" sinn dës Kéier Spëtzenkäch aus Australien, Japan, Armenien a Frankräich vertrueden. www.expogast.lu


Den Filmkënschtler Emile V. Schlesser an den Jazz-Trio Reis-Demuth-Wiltgen verzauberen een dëse Weekend zu Diddeleng mat Téin an Faarwen. Déi 3 Deeg erwaart een e Mix aus Concert, Konschtinstallatioun an Filmprojektioun. "Synaesthesia" ass e Spektakel deen een esou nach net gesinn huet. Eng 360-Grad Filmprojektioun an matzendran déi virtuos Musek vun den dräi renomméierten Jazzmuseker.
