Als Jonken, mécht ee sech nach net vill Gedanken wéi dat ass mat 70, 80 oder nach méi Joren um Bockel. Wann een dann awer an der sougenannter Mëtt vum Liewen steet, dann iwwerleet een awer schonn wat den Alter un Iwwerraschungen mat sech bréngt. Den Dokter Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare kann quasi är Gedanken liesen.

Wat hëlleft am Beschten als Preventioun virun Alzheimer an Demenz? Eng Angscht vu ville Leit. Sinn et Kräizwuerträtsel oder ass et Joggen? Sudoku maachen oder Fitness? Well dat eng lues evolutiv Erkrankung ass, brauch een eng laang Observéierungszäit. An dëser Etüd sinn iwwer 600.000 Leit tëscht 2000 an 2017 mat engem Fitnesstest d'effort ageschloss ginn. Se sinn a 4 Kategorien klasséiert ginn. Déi, déi am mannsten fit waren e Véierel bis zu deenen déi iwwerduerchschnëttlech fit waren, also deen Véierel vun de Leit déi am beschten ofgeschnidden haten.

19-11-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Fitness an Alzheimer - Gedanken

Konkret Zuelen, also Fakten ginn keen Bauchgefill erëm, mä sinn ëmmer e Wäert un deem ee sech inspiréiere kann.

Deen Véierel vun deenen maximal Fittesten haten 33%, den 1/4 dee liicht manner exceptionnel fit war, ëmmerhin nach gutt war hat 26% manner relativen Risiko fir dement ze ginn. Also wat gutt fir den Häerzkreeslaf ass, wat och nach verschidden Kriibser virbeugt, ass also och nach immens gutt fir eis Gehier. Wat positiv ass, dass den Effekt och nach graduell ass. Also et brauch een elo keng Olympianorm ze erreechen, eng Verbesserung vum Fitnessstand deen een am Moment huet, duerch reegelméissegen Sport hëlleft. Also Sportgezei un a lass, da bleif dir gesond.

19-11-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Fitness an Alzheimer - Zuelen