Am Fong war d´butzeg Chihuahua-Dämmchen Luna nach an d´Praxis bruecht ginn fir seng Zänn an d´Rei gemaach ze kréien. Dat wier och beileiwen net vu Muttwëll gewiescht. De Mippchen krut de Mond scho net méi zou, huet bluddeg- eetrege Spaut verluer an deementspriechende Gallem verbreet. An déi rëffeg salle à manger war emol net säin eenzege Probleem: d´Déierchen hat op béiden Aen e ganz uerge Grénge Star, deen d´Aespezialistin wéinst dem Narkos-Risiko scho net méi operéiere wollt. Och bei eis waren leider seng Nierewäerter esou héich, dass eng Anästhesie beim beschte Wëllen net méi ze riskéiere goung.

22-11-2022 Déierentipp - Romi Roth - Euthanasie - traureg Diagnos

Da bleift jo am Fong nach just een Auswee?

Jo, besonnesch wa wéi bei deem Mippchen hei esouwuel seng Glaukom-Aen wéinst dem vill ze héijen Drock schrecklech wéi dinn an natierlech och déi sëllege faul Zänn. Dem Luna seng Meeschtesch war schliisslech averstane, hiert Déierchen goen ze loossen, wollt dat just doheem gemaach hunn, wat dunn och gutt ze organiséiere war. Et gouf wéi bal ëmmer fir dee Geste e Baxter geluecht, duerch deen eng staark Iwwerdosis Barbiturique direkt an d´Blutt bruecht gëtt. Den Euthanasie-Patient schléift dann esou déif an, dass de Kierper vergësst ze ootmen, wat ganz séier zum Doud féiert, wat och hei beim Luna a senger Meeschtesch eng Erléisung war.

22-11-2022 Déierentipp - Romi Roth - Euthanasie - praktesch Emsetzung