Wat géif dir ouni ären Handy maachen? Wann der net just een flüchtegen Ament driwwer nodenkt, kënnt Iech bestëmmt och an de Sënn dass deen Informatiounsquell, Amusementsplattform an garantéierten Killer bei Langweil ass. Den Dokter Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare gëtt haut awer munches ze bedenken.

Mir haten hei jo schonn vun enger Etüd geschwat, déi beweist dass Handysstralen keng Kapptumeuren favoriséieren. Mä wéi ass et dann mam Gehéier? Do gëtt et elo Etüden, déi Leit vergläichen, déi manner wéi 10' pro Dag versus Leit déi 4-5 Stonnen pro Dag mam GSM telephonéieren. Do schéngt effektiv d'Gehéierorgan oder den Héiernerv ze leiden. Deen Effekt schéngt unzegoen ab 1 Stonn Telephon pro Dag.

23-11-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Handy an Gesondheet

Wéi gesäit et elo mam Bluetooth aus?

Fir dat erauszefannen op et éischter d'Stralen oder de Kaméidi am Ouer ass, kruten d'Probanten d'Kopfhörer entweder 6 Stonnen op Stand-by ze droen, oder si hu missten 10' telefonéieren awer mat maximaler Lautstäerkt. Do koum och eraus, dass et héchstwarscheinlech méi d'Lautstäerkt ass déi Problemer mécht, well de Bluetooth selwer eng Stralung ass déi zwar héichfrequent ass, mä déi ëm e Faktor 1000 manner staark ass wéi déi vum Handy. Dofir faasst Iech kuerz.

23-11-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Handy an Gehéier