Et gëtt Feeler déi een am Gaart op kee Fall maachen dierf, zemol beim schneiden, well soss kann et emol virkommen dass een ze vill oder net genuch méi huet. Hammbier, ass do e gutt Beispill, Jeannot Lacour.

Ier ech elo ufänken mat schneiden muss ech wëssen wéini ass mäin Hammbier zeideg. Ass et am Summer zeideg oder ass et am Hierscht zeideg. Fänke mer beim Hammbier un wat am Summer zeideg ass. Fir et kuerz ze nennen, Summerhammbier ass vill méi einfach. Do muss een wëssen dass d'Fruucht un den Driff kënnt déi d'Joer virdrun aus dem Buedem komm sinn. Klengt Beispill fir net duercherneen ze kommen. 2022 kommen Hammbiersdriff aus dem Buedem, 2023 do kënnt dann d'Hammbier drun, et ass zeideg an et kann een et plécken.

26-11-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Hammbier

Fir alles nach méi komplizéiert ze maachen. Hammbier an Hammbier ass zweeërlee.

d'Fruucht kënnt schonn méi fréi, da weess ech et ass am Summer, an et ass och vill méi déck wéi dat am Hierscht ass. Hierschthammbier mécht nämlech d'Fruucht un den Driff vum Joer selwer. Dat hescht d'Fréijoer 2023 kommen Driff aus dem Buedem, déi droen dann am Hierscht, dat heescht ech dierf absolut net am Fréijoer dorunner schneide goen, well soss hunn ech am Hierscht keng Fruucht. Dat ass den Ënnerscheed tëscht deenen zwou Hammbierskategorien.

26-11-2022 Gaardentipps - Jeannot Laocur - zwou Zorten Hammbier