Hutt Dir schonn ären Adventskalenner ? Wann net da gëtt et awer elo héich Zäit, well haut um 1. Dezember kënne mer endlech déi éischten Dier opmaachen. Vun haut u kënne mer eis all Moien op eng kleng Iwwerraschung freeën. Mee vu wou kënnt dëse Brauch iwwerhaapt? De Max Richartz.

01/12/22 Wou kënnt den Adventskalenner hir?

D'Traditioun vum Adventskalenner geet zréck bis an d'19. Joerhonnert. Deemools waren déi awer nach net esou raffinéiert wéi mir se haut kennen. Ugefaangen huet et mat einfache Strécher op de Schief, déi d’Kanner da vun Dag zu Dag ewech wëschen konnten. Den typesche Kalenner mat de klengen Dieren ass eréischt 1920 vum Münchener Verleeër Gerhard Lang op de Marché bruecht ginn. An den 30er Joren huet sech dunn och fir d’éischte Kéier Schockela hannert den Diere verstoppt. An och wann et mëttlerweil schonns Adventskalennere mat all méigleche Saache ginn, wéi zum Beispill Gin, Beauty-Produiten oder Spillsaachen, bleiwen d’Schockelaskalenneren ëmmer nach am beléiftsten.

Freier war den Adventskalenner just eng Hëllef fir d’Zäit ze moossen. Haut ass et vill méi wéi just dat. Den Adventskalenner soll d’Virfreed op d’Feierdeeg méi grouss maachen an dofir suergen, datt d’Zäit bis Chrëschtdag engem net esou laang virkënnt. Genee de selwechte Sënn huet och den Adventskranz. Bei deem brennt jo schonns zanter dem leschte Sonnden déi éischte Käerz. Och dës Traditioun huet säin Ursprong am 19. Joerhonnert. Deemools waren et awer nach 23 an net just 4 Käerzen. Ma just nach e bësse méi wéi 2 Wochen, da brennen se schonn alle 4.