Vitaminn C, also Ascorbinsaier, ass ee vun de wichtegste Vitaminne fir de Kierper. En ass ënner anerem um Opbau vum Tissu, Zännfleesch, Zänn a Schanke bedeelegt, e stäerkt den Immunsystem an en dréit zur gesonder Produktioun vu wichtege Botestoffer an Hormoner bäi. Ma wou fënnt een es da besonnesch vill, Michèle Schons?

30/11/2022 Vitaminn C ass immens gesond! Wou fënnt een es vill?

Wien ënner engem Mangel u Vitaminn C leit, de fillt dech midd, ugeschloen, net leeschtungsstaark. An der Haaptsaach hu Fumeuren, schwanger Fraen a Mammen déi stëllen méi en héije Risk well déi en héije Vitaminn C Besoin hunn. Well de Kierper awer dëse Vitaminn net selwer produzéiere kann, ass en drop ugewise, fir e vu baussen zou sech ze huelen. 

De Vitaminn C Haushalt vun engem gesonden Erwuessenen, resp engem Kand, ka liicht iwwer d'Nahrung opgeholl ginn. Ass déi awer ze eesäiteg, da kann et zum Mangel kommen. 

RTL

© pixabay

Gutt ze wëssen, Vitaminn C stécht bal an all Uebst a Geméis. D'Moyenne vum Haushalt läit bei 100mg den Dag, wat scho mat 200g Kiwi oder 2 Orange gedeckt ass. Et ginn awer nach eng ganz Partie aner Liewensmëttel déi et an sech hunn, Spackelter huet 1250mg pro 100g, schwaarz Kréischelen 177mg, zwou Saachen déi extrem vill Vitaminn C an sech hunn an awer net esou dacks um Menü stinn.

Heefeg ginn awer Grompere giess, mat enger Portioun hëlt ee 45mg zou sech Eng Portioun Brokkoli huet 180mg. An natierlech all Zitrusfriichte wéi Pampelmousse, Orange Zitroun si ganz gutt Liwweranten, beim Geméis ass et de Choufleur, Kabes, Tomaten, Ierbessen, Brockelcher a virun allem de Paprika.

RTL

© pixabay

Vitaminn C ass iwwregen ganz Liicht- an Hëtz-Empfindlech. De Gehalt an engem Liewensmëttel ass ofhängeg vun dem Zäitpunkt vun der Recolte, dem Transport, der Dauer an der Aart vun der Lagerung sou wéi och der Zoubereedung an der Kichen. Esou ass en enger réier Paprika 140mg Vitaminn C an am gedëmpten Zoustand si just nach 110mg dran. 

RTL

© pixabay

Deen neisten Hype bei deene Jonken op Tiktok, ass iwwregens en Orangëjus mat Espresso. Net niewendrun, mee zesumme gemixt. Mam (hoffentlech) frësch gepresste Jus kritt een déi néideg Vitaminnen, Folsaier a Kalium, a mam Espresso den néidege Kick, fir an den Dag ze starten.