Dass de Laien op den éischte Bléck net ëmmer direkt gesäit wat engem Déierchen feelt schéngt normal, ganz dacks reimt ee sech awer säint zesummen wann e puer Saachen net stëmmen an hëlt den Internet als beschte Beroder mat an d'Spill. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet awer do d'Erfarung an dat geschoulten A wat virun hëlleft.

01/12/2022 Déioerentipp: Muppelchersparasiten

De Linus war nach keng Woch bei senger neier Famill wéi de Misär lass goung: bal hat de klenge Welpen den Duerchfall, bal war e verstoppt an dertëscht huet hien gekatzt. Wéi seng Leit do ugeruff hunn, wou si hien kaaft haten, e grousse Betrib, wou dem Linus seng Rass Jack Russel nëmmen eng vun e sëllege war, déi et ze kafe gouf, krute si gesot, dat wier da vläicht de Fudderwiessel, a bei hinnen wier hien nach kärgesond gewiescht.

01-12-2022 Déierentipp - Romi Roth - Muppeparasiten - Diagnos

Dat kënnt engem e bësse bekannt fir, mä sou anzwousch sollt ee jo vläicht och keen Déier kafe goen.
Wéi de Mippchen ugefaangen huet an engem Stéck ze hicken an och staark no wëllem Knuewelek ze richen, huet ee mat e bësse Googelen am Internet fonnt, dat kéinten da Spullwierm sinn.

De Linus gouf dunn emol mat engem Vermifuge behandelt, deen d´Apdiktesch am Fong ouni Rezept schonn net eraus gi wollt. An dunn ass de Misär eréischt lass gaangen. De Männchen konnt op eemol guer kee Stull méi maachen. An der Praxis, wou seng Leit hien endlech en urgence bruecht haten, gouf och séier fonnt firwat: duerch déi Mass ofgestuerwe Wierm, déi wéi e Friemkierper a sengem Daarm stieche bloufen, hat hien carrement en Daarmverschloss. Mais och vill Gléck am Ongléck: mat Medikamenter fir den Daarmkramp ronderëm de Parasiteknuet ze léisen an e puer Baxteren war hien séier erëm fit. Seng Leit wäerten den zweeten Hond elo awer an den Asil oder bei e seriéisen Ziichter siche goen.

01-12-2022 Déierentipp - Romi Roth - Muppeparasiten - Behandlung