Wéini hutt Dir Äert Buedzëmmer da fir d'Lescht sou richteg grëndlech geraumt? Wann dat schonn eng Zäitchen hier ass da kéint et sinn, dass sech do eng Partie Saachen accumuléiert hunn déi eigentlech just do stinn ze stoen. Zäit deemno nees Plaz an de Schief ënnert an iwwert dem Lavabo ze maachen. Wéi Dir dat am Beschte maacht, weess d'Nicky Soisson.

02/12/2022 Detox vum Buedzëmmer

Am beschte funktionéiert sou eng Detox vum Buedzëmmer wann een net laang nodenkt. An do gëtt et dann direkt den 1. Tipp: stellt Iech den Timer op 60 Minutten, kroopt Iech eng Tut a lass geet mam aussortéieren an dat ouni laang ze iwwerleeë well soss lant dann awer nees d'Hallschent zréck am Schaf.

E Bléck an d'Dusch oder an d'Bidde ginn dacks schonn duer, fir sech drun ze erënneren, dass déi lescht Raumaktioun well e bëssi hier ass. Déi eng oder aner quasi eidel Fläsch Shampoing oder Duschgel schéngen hei vun hirem Proprietär vergiess ginn ze sinn. Déi kënne da scho mol direkt fort.

Eriwwer da bei all déi Produiten "déi ee jo vläicht nach iergend eng Kéier brauch oder och net". Dat sinn déi Saachen déi nawell gären de Schaf oder den Tirang belageren an awer ni zum Asaz kommen. Sief et de bloe Mascara, deen orange Lëppestëft oder déi vill ze donkel Foundation, elo mol Hand op d'Häerz: Mengt Dir wierklech Dir wéilt nach eng Kéier wéi eng Bonbonnière ronderëm lafen? Falls net, da fort domat.

Falls Dir Är Medikamenter am Buedzëmmer leien hutt, dann denkt drun och hei mol e Bléck drop ze geheien an déi ofgelafe Produiten ze entsuergen.

Ganz beléift sinn och déi kleng Echantillonen déi ee lénks a riets mol kritt an déi sech dann am Tirang usammelen an déi jo dach ni benotzt. Iwwerflësseg deemno déi nach weiderhin hei verstëbsen ze loossen. Tut op an eran domadder!

Dat selwecht gëllt fir déi kleng Produiten déi een an den Hotelszëmmere fënnt an déi een dann och ganz gäre mol matgoe léist fir se dono doheem an enger Këscht ze vergiessen.

Last but not least ginn et dann och nach déi sëllege Make up Produiten déi d'Buedzëmmer fëllen. Mir Frae musse jo dacks alles duebel an dräifach hunn a soubal en neie Mascara eraus kënnt deen d'Wimperen nach 1 mm méi laang ausgesi léist, flitt deen Alen an den Eck aplaz an d'Poubelle. Fir Neellack, Pudder oder Blush ass et dat selwecht. Hei gëllt et deen ale Produit eidel ze maachen, souwäit deen dann nach net ofgelaf ass, éier een deen Neien opmécht. An alles wat ee souwisou net benotzt, geheit am Beschten direkt ewech.

Natierlech sollen all déi Produiten dono och ëmweltgerecht entsuergt ginn. No Ärer Raumaktioun kënnt Dir nach eng Kéier gutt botzen a schonn ass Är Buedzëmmer quasi wéi nei. Ma dat heescht awer net, dass dann déi gewonne Plaz nees direkt soll voll gestallt ginn, gell?