Et vergeet keen Dag wou een net nei Aktiounen vun de Klimaaktivisten matkritt. Se iwwerbidde sech quasi vun Kéier zu Kéier. Nodeems se an de Muséeën mat Faarf oder Iesswueren op Biller geheit hunn, se sech an der Strooss oder um Flughafen zu Berlin ugepecht hunn, konnt een gëschter héieren dass se op Autobunnsschëlder an Däitschland geklomme sinn, sou dass de Verkéier zu München a Berlin gestéiert war. D'lescht Woch huet et geheescht se hätten d'Loft aus SUV'en erausgelooss. An dat kann natierlech geféierlech ginn wann een sech an den Auto sëtzt an dat net matkritt?

06/12/2022 Fro den Affekot