Et gëtt jo verschidden Zorten Péng, wou een am léifsten d'Mauer eropgéing, sou wéi deet dat. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth weess, dass et do zimmlech t'selwecht ass bei eisen Frënn den Hausdéieren.

Den Enzo, e Mops vun dräizéng Joer, hat zanter laangem schonn immens d´Zänn wéi. Mat Mëttelen géint d´Péng, d´Entzündung an Antibioticken ass et dann ëmmer nees fir e puer Méint an der Rei gewiescht. Un eng Anästhesie hat kee sech eru getraut, seng Nieren- a Liewerwäerter waren dowéinst vill ze schlecht. An ouni Vollnarkos oder wéinstens eng  Sedatioun mat Lokalanästhesie wann nëmmen een oder zwee Zänn schlecht sinn, geet Zännmedezin  bei den Déierepatienten net. Wéi den Enzo op eemol vun elauter Zännwéi d´Gesiichtchen geschwollen hat an och  net méi friesse konnt, hu mir dunn awer missen an de saueren Apel bäissen an hien schlofe leeën fir seng Salle à manger an d´Rei ze kréien.

Romi Roth - Zänn botzen - Analys

Et weess ee jo vu sech selwer, wéi wéi et deet wann d´Zänn entzünd sin, dat ass jo da souwisou fier dee klenge Mupp kee Liewen méi gewiescht, och wann d´Narkos e Risiko war.

Mat enger  Baxter-Therapie fir seng Nieren a Liewerproblemer a mat Monitoring wärend der Narkos war et endlech méiglech, dem ale Ritt seng Zänn ze sanéieren. Nodeems Bierger vun Zännsteen mam Laser fort geholl waren, konnten 17 Zänn  net méi méi gezunn ginn, esou voller Eeter, entzünt an déchausséiert waren do iwwerall d´ Wuerzelen. Dem Enzo ass et no där Entreprise schonn emol vill besser gewiescht wéi zanter ganz laangem virdrun. Mais fir d´Zukunft kruten seng Leit eng extra Biischt fir mat enger Muppenzännseef all Dag säi verbliwwent Knageschier an der Rei ze halen.

Romi Roth - Zänn botzen - Resultat