Wann dir reegelméisseg Saumon, eng Omlette oder Margarine iesst, dann huel der automatesch och Vitaminn D zou iech. Mä wéi wichteg ass dee Vitaminn D fir eis Gesondheet wierklech, a kann een et och iwwerdreiwen, a wat geschitt dann? Den Dokter Marc Keipes, Direkter am ZithaGesondheetszenter huet haut eng Etüd derbäi, wou a Groussbritannien 300.000 Leit tëscht 2006 an 2010 ënnersicht goufen.

Déi 12 Prozent vun de Leit, déi déi mannsten Wäerter haten, Wäerter ënner 30 Nanomol pro Liter, (An de Serien am Gesondheetszenter sinn bal zu 80% vun de Leit ënner deem Wäert) sinn suivéiert ginn, an déi 6,1% Leit déi gestuerwen sinn waren méi op déi Mangelpopulatioun verdeelt wéi op déi aner. De Risk ze stierwen war an der Grupp ënner 25 am héchsten, an am beschten tëscht 50 a 75.

Dr Marc Keipes - Vitaminn D - Etüd

A wéi ass et wann een de Kierper quasi mat Vitaminn D doppe wëll an iwwerdreift?

Méi héich Wäerter hunn näischt bruecht. d'Mortalitéit war an dësem Grupp mam gréissten Mangel 36% méi héich wéi bei deenen aneren. D'Auteuren roden éischter zu klengen Dosen déi reegelméisseg geholl ginn. Falls de Patient dat ze vill vergësst, sinn Dosissen vun 25000 Eenheeten zweemol am Mount ugeroden. Nach besser ass et tëscht Mee an August tëscht hallwer 11 an hallwer 4, 20 bis 30 Minutten erauszegoen an d'Natur, ouni ze verbrennen natierlech, a sech dann eeben natierlech Vitaminn D an der Haut ze produzéieren.

Dr Marc Keipes - Vitaminn D - an hëlt een ze vill?