Eent vun deene Wierder, dat spontan wierklech bei kengem gutt ukënnt, ass sécherlech: Stress. Ma dat zu Onrecht, well Stress kann och gesond sinn.

05/01/2023 Stress kann nëtzlech sinn

Dat huet den US-amerikaneschen Psychiater Firdaus Dhabhar erausfonnt. Him koum et aus darwinistescher Perspektiv net logesch vir, dass Stress nëmme schlecht fir eis ass. Ëmmerhin muss den Iwwerliewensinstinkt vun eise Virfaren duerch stänneg Stresssituatiounen verfeinert gi sinn.

An effektiv ass am Stau stoen elo net déi Zort Stress, déi gesond ass. Et geet méi ëm dee kuerzfristegen an och kuerzweilege Stress. Zum Beispill huet eng Etüd gewisen, dass Elteren méi produktiv schaffen wéi Leit ouni Kanner! Eben wéinst dem Stress deen si hunn, nieft der Aarbecht och nach mussen op hir Kanner opzepassen.
E gewësse Stress ass och fir Sportler gutt. Et gouf erausfonnt, dass den Drock an de Stress virun enger grousser Kompetitioun de kardiovaskulären System an d‘Muskelen op Héchstleeschtung virbereet.
Stress kann zum Beispill och vir den Immunsystem vu Notze sinn. Liichte bis moderate mentale Stress stimuléiert nämlech d‘Produktioun vu gewësse Chemikalien am Blutt, „Interleukinen“ heeschen déi, an déi hëllefen, Infektiounen ze bekämpfen.

Indirekt ass Stress och gutt fir Kanner. Et gouf erausfonnt dass Kanner, wou d‘Mamm wärend der Schwangerschaft liichten Alldagsstress hat, mat 2 Joer méi wäit entwéckelt waren wéi Kanner wou d‘Mamm eng zimmlech onstresseg a relax Schwangerschaft hat.
Allgemeng kann ee soen dass kierperlech Aktivitéit an eben och gewëssen Evenementer am Liewen Stress fir d‘Muskele sinn. An op der anerer Säit eben déi Momenter, déi eis geeschteg fuerderen: dat ass dann eben Stress fir de Kapp.

Alles eng Fro vun der Perspektiv!