Fir déi eng ass Schach schonn vu vireran ermiddend, well se d'Reegelen net beherrschen, oder ze vill iwwerleeën a sech konzentréieren mussen. Zu Déifferdeng hate sech de Weekend awer 80 Schachbegeeschtert quasi fir 24 Stonnen an der 'Ecole Internationale' agespaart fir Spaass ze hunn an och nach eppes fir den Télévie ze maachen, well Déifferdeng ass dëst Joer ee vu 4 Zentren.

24 Stonne Schach zu Déifferdeng - Iddi

An deene 24 Stonnen gouf net just mam Vis-à-vis gekämpft, mäi och mat der Middegkeet, dass d'Aen engem zoufale kéinten. Awer, den haarde Kär vun 36 Spiller vun all Alter, huet d'Challenge duerchgezunn.

24 Stonne Schach zu Déifferdeng - e Marathon
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL