De Prënz Harry deelt de Moment jo richteg aus, a bal keen an der noer Famill deen net eng ausgewëscht kritt. De Papp Charles, de Brudder William, awer och d'Stéifmamm Camilla bleift net verschount. Fir jiddereen huet hien eng oder direkt e puer Picken. An dat bréngt eis drop. Wann een Saachen behaapt déi definitiv net stëmmen schwätzt een vun "Ruffmord". Awer wat dierf een an der Ëffentlechkeet soen, a wéini riskéiert een eng Strof. Muss een Beweiser hunn fir dat wat een an d'Welt setzt, oder ass alles erlaabt an dierf et soen a schreiwen?

10/01/2023 Fro den Affekot