Et gëtt ëmmer nees Parallellen tëscht der Medezin beim Mënsch a bei den Déieren, an awer kann a soll een net alles eent zu eent iwwerhuelen. Wat beim Mënsch hëlleft muss net noutgedrongen och fir Honn a Kaz gutt sinn an ëmgedréit.
D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Fall matbruecht, deen och liicht aneschter hätte kéinten ausgoen, well liichtfankeg gehandelt gouf, ouni en Expert em Rot ze froen.

12/01/2023 Déierentipp: Mir hate nach Antibioticken Rescht

D´Madamm hat d´Finny , mat engem eeklegen Kaze-Schnapp mat Eeter an d´Urgence bruecht. D´Déierchen krut do eng Piqûre mat ënnert anerem engem Depot-Antibiotique géint d´Eeterbakterien. Fir doheem huet et och Antibioticken matkritt vun deenen et all Dag iwwert eng Woch zwou Pëlle kréie sollt. Well dem Finny säi  Schnapp no där Piqûre awer schonn ewech war, huet seng Meeschtesch d´Pëllen emol léiwer net ginn. Par contre huet dem Finny seng Schwëster Minnie dunn och mat néitschen ugefaangen, ma net esou schlëmm. Dowéinst huet d´Tattchen däer Kaz dunn op eege Fauscht- am Fong net ganz onlogescherweis d´Hallschent vun der verschriwwener Antibiotique-Dosis ginn, nämlech 1 Pëll just fir zwee Deeg, well dunn deem Déierchen säi Schnapp och fort war.

Romi Roth - Antibiotikken - Problem

An dat ass dann awer, virun allem wann et ëm Antibioticken geet, geféierlech falsch gewiescht?

Ouni effikass Antibioticken sinn e Louis XIV an dem Thomas Mann seng Haaptfigur Thomas Buddenbrooks u Bluttvergëftungen duerch Eeterkeimer gestuerwen. Fir net iwwert aner bakteriell Krankheeten wéi zum Beispill d´Pescht an d´Tuberkulos ze schwätzen. Esou wéi dem Finny an dem Minny hir Meeschtesch, déi leider keen Eenzelfall ass, mat deene liewenswichtege Medikamenter ëmspréngt, mécht ee Bakterien ganz konsequent onempfindlech géint deen Antibioticken, deen een op déi wurschteleg a ganz falsch Manéier ginn huet. Och bei aneren Déieren an souguer Mënschepatienten déi dann onheelbar Infektiounen duerch déi resistent Infektiounen kréie kënnen.

Romi Roth - Antibiotikken - Wichtegkeet