All Dag an der Praxis vun engem Veterinär ass anescht, an all klenge Patient stellt en virun nei Erausfuerderungen. E muss analyséieren, kombinéieren an dann muss en 1 + 1 zesummenzielen fir dass et zu engem Happy End kënnt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth krut fir dës Kéier e Fall op den Dësch, deen wéi bei engem Kommissär um Ufank net eendeiteg ze léise war.

Eng léif Frëndin koum mam Lilly, hirer jonker Bengalkaz, an d´Urgence. Zanter e puer Stonnen wier dat schéint Déier ganz apathesch an elo hätt et och nach e Briechduerchfall mat Blutt dran. Well d´Lilly  wéi d´Bengalkazen am allgemengen net fir d´Liewen dobaussen gemënzt ass, an deemno als strikt Hauskaz gehale gëtt, stounge mir virun engem Rätsel, wat d´Ursaach vu sengem Misär ugoung.

Romi Roth - gëfteg Planzen - Diagnostik

Glécklecherweis huet d'Romi nom Lilly sengem Brudder Beau aus demselwechte Worf gefrot. D'Meeschtesch Dany, huet doropshin eng Foto aus der Posch geholl, déi si gemaach hat, fir Frënn a Bekannten fir d´Neit Joer ze wënschen. Lénks a riets vun enger schéiner Vase mat engem herrleche Bouquet Blummen, louchen d´Lilly an de Beau wéi Sphinxen virun de Pyramiden. Am Arrangement ware Lilien, Callaën, eng Orchidee, e puer Monsterablieder an e Fändel Palmefarn.

Am Fong eng illustréiert Lëscht vum Gëftegsten wat et un Zëmmerplanzen fir Kazen iwwerhaapt gëtt. Virun allem fir hier Nieren. A grad dat virwëtzegt Lilly war e puermol un d´ Blumme knätschen. Nodeems dem Lilly seng Nierenwäerter nach zimmlech an der Rei waren, war awer och seng Prognos nawell méi roseg. Um Baxter gouf et mat enger Piqûre derzou bruet, déi gëfteg Planzendeeler ganz eraus ze iwwerginn . Duerno krut et eng extra Flëssegkeet, déi eventuell reschtlech Toxiner am Daarm zeréckhale sollt. No e puer Deeg konnt et ganz gesond erëm Heem gelooss ginn.

Romi Roth - gëfteg Planzen - Patentrezept