Wéi ass et bei iech, wann desagreabel Aufgaben ustinn? Gehéiert dir éischter zu deenen déi se direkt uginn, oder réckelt der déi Saachen, déi der net esou gäre maacht léiwer op muer, oder en aneren Dag? De Brian Tracy, e Kanadeschen Auteur an Entreprener, huet eng ganz flott Methode entdeckt, mat där ee Prokrastinatioun un den Nol hänke kann, Michèle Schons?  

23/01/2023 Eat that frog

"Eat that frog" heescht se - iess dee Fräsch! Dës Methode soll dobäi hëllefe, Prioritéiten ze setzen an domat dann och automatesch méi produktiv ze ginn. An zwar op eng ganz liicht a spilleresch Manéier. Den Tracy huet sech hei um Schrëftsteller Mark Twain senger Ausso inspiréiert, dee sot: Iess direkt Moies e Fräsch, an et kann der näischt Schlëmmes méi passéieren...

Den Auteur recommandéiert déi net esou flott Aufgaben t'éischt ze maachen, esouguer wann se net ganz dringend sinn, well de ganzen Dag sech esou méi effizient entwéckele kann.

Amfong trickst een säi Kapp hei mat enger ganz einfacher Methode e bëssen aus, well et ass nämlech esou, dass wann déi schwéier Aufgabe bis erleedegt sinn, déi aner Saachen nach vill méi liicht klappe wéi virdrun. Firwat? Ma esou en Erfollegserliefnes vun enger méi komplizéierter Saach wierkt sech direkt op d'Belounungssystem am Gehier aus a motivéiert automatesch fir weiderzemaachen. Zweete Punkt ass deen - et notzt een am Fong déi Zäit, wou d'Gehier ausgerout ass a wou een och Héchstleeschtungen hikritt - no der Nuecht, nom Weekend. Och direkt nom Congé.

Fir déi richteg Fräschen z'erkenne, kann een e puer Punkten am A behalen, zum Beispill - wat fir en Afloss hunn d'Aufgaben op déi aner am Team, sinn et Saache sinn déi méi laang daueren, oder muss een se an Etappen andeelen? Schwiereg Aufgabe sinn och déi, déi een nawell gären hin an hier réckelt an et geet jo an éischter Linn drëms, fir dat z'evitéieren. Generell sinn et Saachen déi e laangfristegen Impakt hunn. Am beschte sollt ee pro Dag awer net méi wéi ee Fräsch aplangen an sech direkt Moies kuerz Zäit huele fir ze reflektéieren an da lasszeleeën, oder et kann een sech och den Dag virdrun Owes scho Gedanke maache, wat als éischt Moies um Plang stoe soll.

An natierlech ass et wéi bei all Training, wat méi konsequent, wat et och ëmmer besser klappt, fir sech gutt z'organiséieren a méi séier effizient Resultater ze kréien.

RTL

© pixabay