Hutt dir Schwieregkeete fir moies aus dem Bett ze kommen? Jidderee kennt dat Gefill, et wëll een eigentlech nach schlofen, mee scho schellt de Wecker an et muss een opstoen. Do hëlleft et och net 1 bis 2 mol op de Snooze-Knäppchen vum Wecker ze drécken.

23/01/2023 Gutt aus dem Bett kommen

De Schlof gehéiert zum Mënsch wéi d'Ootmen, d'Iessen an d'Drénken. Mee dacks gëtt een aus dem Schéinheetsschlof duerch sou een onangeneemt Geräisch vum Wecker gerappt, da weess een, elo muss een opstoen. Wann ee Moies Krämpes huet an d'Gäng ze kommen, fält engem dat dacks nach méi schwéier. Mir probéieren ze hëllefen an ginn iech e puer flott Tipps fir d`Opstoe moies méi attraktiv ze maachen:

1. Ze laang schlofen:

Jo, dat gëtt et wierklech. Verschidde Leit schlofen ze vill, an dat mécht midd! Wann dir iech moies midd fillt, muss et net si well dir net genuch geschlof hutt. Vläicht hutt dir schonn ze vill geschlof. Am beschten ass et erauszefannen no wéi vill Stonne Schlof dir iech am fitste fillt. Well all Mënsch ass anescht, a jiddereen huet säin optimale Schlofrhythmus.

2. De Koffein reduzéieren:
Eng Taass Kaffi oder Espresso am spéiden Nomëtteg ass Deel vun der Routine vu ville Leit. Wéi och ëmmer, Studien hu gewisen, dass Kaffi - op d'mannst bei Leit déi méi sensibel sinn - nach sechs Stonnen nom Konsum wierke kann, ouni dass d'Persoun et mierkt. De Rot vun den Experten: kee Kaffi méi no 17 Auer.

 3. Gewunnechte briechen:
All Dag déi nämmlecht Routine: opstoen, duschen, Kaffi drénken a lass op d`Aarbecht fueren. Dës Routine ass wierklech ustrengend, briecht är Gewunnechte mat individuelle klengen Zieler. Fannt eppes op dat dir iech besonnesch freet. Gitt lafen oder maacht Yoga. Zum Beispill gutt Kaffi drénken, oder einfach eng Véierelsstonn liesen oder Tëlee kucken.

4. De Wecker net bei d`Bett stellen:

Wat iech och mueres hëllefe kann, den Handy oder de Wecker net direkt niewent d'Bett stellen. Et ass ze einfach de Snooze-Knäppchen ze drécken an äre Kapp zeréck an d'Kappkëssen ze gruewen. Wann dir opstoen musst fir den Alarm auszeschalten, hëlleft dëst d'Zirkulatioun ze stimuléieren an iech z'erwächen.

An da si mir och scho beim leschte Punkt.

5. Oflenkung um Owend:

Elo éierlech - wéi laang sëtzt dir owes virum Ecran ze chatten oder ze surfen? An dat warscheinlech bis spéit an d'Nuecht. Studien hunn erausfonnt, datt de Melatonin duerch d'Luucht vum Ecran beaflosst gëtt. De Kierper verléiert d'Gefill vun der Nuecht wann dir op en Ecran stuerkt a kann esou kee Fridde fannen. Also wier et besser zu enger bestëmmter Zäit keen Handy méi ze huelen an de Kierper bewosst zur Rou kommen ze loossen.

RTL

© pixabay.com