Hutt Dir de Führerschäin? Oder besser gesot: Wéini hutt Dir Äre Führerschäi gemaach?

25/01/2023 Führerschäin am Alter

D’Majoritéit vun de Leit fänkt mat 17 Joer mat den Theoriestonnen un a mécht mat 18 Joer de Praxisexamen. Fir déi Jonk ass en eegenen Auto dacks e wichtege Schrëtt an d’Onofhängegkeet. Ma fir verschidde Leit gëtt et méi wéi ee Grond, fir de Führerschäin net direkt ze maachen. Zum Beispill fir de Paulo Jorge De Oliveira Fernandes.
“Als Stater hunn ech deen net richteg gebrauch. Ech hat de Bus, oder zu Fouss, an den Auto war deier. All meng Kolleege soten et ass deier. Revisioun, Pneue wiesselen, Bensinn, Assurance, … Déi Sue kanns de der spueren.”

An Tëschenzäit huet hie sech dunn awer nach fir de Wee an d’Farschoul entscheet. Mat senge knapp 50 Joer gehéiert hien do zu deenen eelste Schüler an huet och schonn déi eng oder aner Remarque gemaach kritt.

“Mam Alter, mat 30, dann hues de d’Kolleegen déi soe ‘Firwat hues du däi Führerschäin dann net? Krus de en ewech geholl?’ Nee, ech hunn en einfach nach ni gemaach.”

Zesumme mat sengem Fahrlehrer dem Daniel Moutinho, hu mir de Paulo bei enger Farstonn begleet. Generell gëtt et keng Altersgrenz fir sech eng éischte Kéier hannert d’Steier ze setzen. Ma wéi ënnerscheeden sech jonk a méi al Farschüler?