
© Patrick Greis
Dem Dan Spogen seng 3 Invitéeën haten gëschter - jiddereen op seng Manéier - eppes derbäi, wat een emotionell beréiert huet. Et goung ëm d'Laachen, ëm Musek an eng emouvant Geschicht mam Mike Desa, Denis Oswald an Raphael Possing.

Den T the Boss hat nei Musek am Gepäck, déi dës Kéier méi melodesch a modern ass, wéi um leschten Album, behaapt hien selwer. "Fighter" ass Musek fir all Mënsch deen duerch schwéier Zäiten gaangen ass oder geet, heiansdo ganz perséinlech, heiansdo e bësse méi wëll, mee ëmmer riicht eraus" seet hien selwer iwwer déi nei EP.


Den Denis Oswald fillt sech wuel an der Natur, an huet d'Buch 25.000 Kilometer - Eine Reise mit Krebs, erausbruecht. Den Fotograf, Auteur an Aventurier ass ëmmer op der Juegd no der perfekter Foto. 2021 krut hien a Griicheland d'Diagnos Kriibs, an iwwer déi Tumeur, déi säin Daarm ugegraff huet, ass e Buch entstanen


De Mike Desa ass een vun 7 Comedians vum Portugal Comedy Club, déi den 3ten Februar an der Rockhal sinn. Nodeems se 6 Méint am Jamel Comedy Club zu Paräis opgetrueden sinn an ëmmer ausverkaaft waren, kommen de Mike Desa, PV, Ayrton Gomes, Yassir BNF, Juan Rodrigues, Alex Monteiro an den Daniel Moutinho fir een Owend op Esch.
