Am Wanter wann et laang gro an däischter ass hunn d'Zëmmerplanzen et net einfach a brauchen eis voll Opmierksamkeet. Zëmmerplanzen hunn et nämlech net gär wa se keng Luucht hunn, si hu Problemer wann d'Zëmmertemperatur ze vill variéiert an och d'Fiichtegkeet vum Raum ass e wichtege Facteur, Jeannot Lacour.

An dat alles dréit derzou bäi dass eng Planz e bësschen geschwächt gëtt, si ass méi ufälleg. Dofir ass et och emol sou, dass de Wanter déi Planzen déi e bësschen méi ufälleg sinn, déi kënne sech dann net méi wieren, an dann kann et emol sinn dass se vun engem Insekt wéi de Lais befall ginn. Ganz heefeg sinn de Wanter iwwer Wolllais. Dofir soll ee reegelméisseg d'Blieder eng Kéier ëmdréinen, a kucken op do näischt ass. Et gesäit sou aus wéi wäiss Watt, déi meeschtens ënnert de Blieder ass, oder an der Mëtt vum Blat a vum Still vun der Planz, do fënnt ee se meeschtens erëm.

Jeannot Lacour - Zëmmerplanzen ufälleg fir Wolllais

Bei Wolllais muss een och net panikéieren, zemol wann een de Misär mat Zäit erkannt huet.

Ech kann mir schonn direkt hëllefen, ech ginn an d'Kichen an huelen Sonneblummekärenueleg. Dat ass am Fong eng direkt Hëllef. Ech schëdden dat e bësschen sou an en Dëppchen, ech huele mäin Pinsel an ech reiwen do driwwer, dat erstéckt dann déi Wolllais. T'kann een och eppes kafen op Basis vun Paraffinueleg, dat ass och e ganzt natierlech Produkt. Dat gëtt et als Spray oder fir mam Pinsel, an da kann ech dat driwwer sprayen. T'ass e natierlechen Produit op Basis vun Paraffinueleg, et kann also net vill geschéien, mä dat erstéckt am Fong déi Lais.

Jeannot Lacour - Zëmmerplanzen mat Wollläis hëllefen