Et ass schonn eng Zäitchen hir, datt den Netflix-Hit Narcos fäerdeg ass a vläicht feelt et de Fane vum Genre vun den Drogeserien un neiem Material. Mir hëllefen iech mat zwou Netflix-Thriller-Serien aus.

25/01/2023 Série iwwer Sérien

Mir hunn iech zwou net-amerikanesch Serien erausgesicht. Déi éischt heescht Santo an et ass eng spuenesch-brasilianesch Co-Produktioun. Santo ass den Numm vun engem Drogendealer, deen awer och iergendwéi méi ass, et hëlt scho bal Zich vun enger Sekt un.

Dem Santo säi Gesiicht ass also nach komplett onbekannt an zwee Polizisten, e spueneschen an e brasilianeschen, ginn op d’Sich no him. Et kléngt interessant, d'Serie ass awer manner gelongen. D'Geschicht gëtt chaotesch erzielt, et gëtt permanent Spréng, ob dat lo Zäitspréng sinn, vun enger Zeen séier op déi nächst, oder vun enger Plaz oder engem Land an dat anert –  sou datt een de roude Fuedem ni fënnt. Et waart een ëmmer op de Moment, an deem alles zesummegefouert gëtt an een d’Geschicht besser versteet, mä dat geschitt net, sou datt alles konfus bleift.

Mat eisem zweete Beispill, Narco-Saints, bleiwe mir op Netflix. Dës koreanesch Produktioun baséiert zu engem klengen Deel och op richtege Faiten a steet an der Traditioun vum Serien-Hit Narcos. Mir hunn zum Beispill och erëm en Erzieler. Et geet ëm e südkoreanesche Geschäftsmann, deen an de Suriname reest, fir do mat Fësch ze handelen. Duerch onglécklech Zoufäll geréit en a Kontakt mam Drogemilieu a lant am Prison. Mä e kritt eng Chance vum Geheimdéngscht.

D'Serie bitt gutt Ënnerhalung, ass awer previsibel an et feelt deelweis un Action. Interessant ass och, datt d’Regierung vum Suriname lo eng Plainte géint Netflix maache wëll, well si net domat averstan sinn als „Narco-Stat“ duergestallt ze ginn. A Südkorea heescht d’Serie en plus nach Suriname.

Esouwuel Santo wéi och Narco-Saints fannt dir op Netflix. Vill Spaass beim Kucken.