
© afp
All uniforméierte Polizist soll an Zukunft eng Bodycam kréien, huet et de 19. Juli d'lescht Joer schonn geheescht an et gouf e Projet de Loi gemaach, deen op den Instanzewee geschéckt ginn ass. De Grénge Policeminister Henri Kox sot dee Moment op enger Pressekonferenz, dass een am Ausland eng positiv Experienz mat dem Asaz vu Kierper-Kamerae gemaach hätt.
Wou si mer drun, wien soll se schützen? Wéini gëtt se ageschalt, muss een virdrun informéiert ginn. Dierf een och selwer en Asaz vun der Police filmen an kann dat viru Geriicht gebraucht ginn?
Wou si mer dann elo drun?
"Wat heescht Bodycam op Franséisch? Et ass eng "caméra piéton". Dat ass jo d'Oppositioun zu de "caméras fixes de surveillance" huelen ech un. Dëst gesot ass effektiv am Juli dat op den Instanzewee gaangen, mee dat ass awer net den éischte Minister, dee sech dru probéiert. Virdru waren zwee aner Ministeren, déi sech dru probéiert hunn, well et geet em elementar Prinzippien. Et geet em d'beweislech Charge an awer och wéi gesot, Deseskalatioun. Et ass esou, wann d'Police op d'Plaz kënnt a seet, dat gefilmt gëtt, dann, mengen ech, behuelen sech verschidde Leit anescht. An do si mer scho beim éischte Knackpunkt. Ier déi Kamera iergendeng Kéier gebraucht ginn, muss gesot ginn, dat gefilmt gëtt. Dat gëtt dann duerch e Gräisch manifestéiert oder duerch e Liichtsignal. Dat heescht d'Leit si gewarnt. D'Police kann also net op d'Plaz kommen an einfach esou filmen. Ëmgedréint dierf een d'Police och net einfach esou filmen. Et muss virdru ganz kloer gesot ginn. An da sinn déi Sequenzen, déi opgeholl ginn ëmmer just 30 Sekonne laang. Et ass zwar duerchgoend, mee et gëtt ëmmer rëm néi aktivéiert."
A wéi ass dat dann elo ëmgedréint, dierf een dann och d'Police bäi engem Asaz filmen?
"Prinzipiell schonn, wann et an engem ëffentleche Raum ass. Privat geet natierlech guer net, ausser et ass ee géigesäitegen Accord do. Mee am ëffentleche Raum, ass dat elo net vir queesch duerch den Internet ze verschécken. Do komme mer da rëm an aner Sphären. Do muss och, an dat ass dat wat de Legislateur och versicht, ee Gläichgewiicht versicht ginn ze fannen, tëscht der ëffentlecher Sécherheet, déi assuréiert gëtt duerch d'Police an natierlech d'Rechter vun der Bevëlkerung."
A kënnen déi Biller da viru Geriicht benotzt ginn?
"Wann d'Konditiounen am Viraus erfëllt ginn, heescht, et seet een, dat een filmt oder et signaliséiert een, dat ee filmt, da bleiwen déi Opnamen am Dossier an dat sinn dann zwéngend Beweiser."
Géif sou eng Bodycam dann d'Aarbecht vum Affekot méi einfach maachen?
"Fir d'Justiz ass et ganz wichteg. An d'Justiz geet ëmmer an déi zwou Richtungen. Pro a Contra, "Wahrheitsfindung" an dorëms geet et."
Hutt Dir da schonn eppes héieren, wéini et dann elo esouwäit ass?
"Et ass schonns iwwer 6 Joer an der Maach. Hei ass et elo och esou, dat et ee budgetären Impakt huet. Schonn eleng nëmmen d'Kameraen unzeschafen kascht iwwert 2 Milliounen. Da kënnt nach d'Formatioun dobäi. Dat heescht esouguer wann d'Gesetz géif muer gestëmmt ginn, ass et nach net fir iwwermuer, dat et applizéiert gëtt. D'Politik ass do ganz virsiichteg, zemools an dëse spezielle Virwalzäiten. Et ass awer eppes wat um Wee ass a wat een och net kann ophalen."