Gëschter war den Dag vun de Komplimenter. Mä well et ni ze spéit ass fir engem ee Kompliment ze maachen, schwätze mir och de Moien nach eemol driwwer. Wéini hutt dir dann déi leschte Kéier e schéint Kompliment gemaach kritt, vun engem Kolleeg, engem Frënd oder enger friemer Persoun? Éierlech Unerkennung mécht net nëmmen aner Leit e bësselche méi glécklech, nee et mécht ee selwer och méi frou.

25/01/2023 Komplimenter maache richteg frou

E schéint Kompliment wiermt d'Häerz ewéi och d'Séil, a bal jidderee freet sech. Déi meescht Komplimenter sinn entweder just e Saz oder e Wuert. Éierlech Komplimenter sinn iwwerraschend a verséissen den Alldag. Dëse léiwe Geste ass gratis a kascht näischt, an awer kritt ee se seelen ze héieren. De Psychologe Gilles Michaux verréit eis de Grond?

"Dat huet och domadder ze dinn, ewéi Komplimenter ugeholl ginn, engersäits ass et sou datt et dem Mënsch méi einfach fält eng Kritik unzehuelen, well ebe beim Kompliment ëmmer nees eng Problematik ka bestoen, datt di Persoun wou d`Kompliment kritt dëst a Fro stellt, a sech freet: Firwat mécht di Persoun dat Kompliment? Ass dat wierklech authentesch gemengt? Oder wëll dës Persoun mech elo zu iergendeppes beweegen an dofir kréien ech elo hei schéin Ae gemaach."


Op wat soll een oppassen, wann een enger anerer Persoun e Kompliment wëll maachen?

Den 1. Punkt ass net ze vill schläimen. Et soll vun Häerze kommen an net zu ärem Virdeel sinn, elo dëser Persoun ee Kompliment ze maachen.

2. Konkret sinn, dat heescht net ze vill ëm de Bräi schwätzen, mee mat engem klenge Saz oder engem Wuert äert Kompliment ausdrécken.

3. Am Gläichgewiicht mat de Komplimenter bleiwen, dat heescht, och net iwwerméisseg iwwerdreiwe well et soll eenzegaarteg bleiwen. An esou kënnt äert nächst Kompliment och éierlech bei der Persoun un.

Mee seet dat eppes iwwert de Mënsch aus, wann een dacks Komplimenter mécht?

"Komplimenter ze maachen ass eng positiv Eegenschaft, dat huet ee soss mat engem Gentleman verglach. An eng Persoun di authentesch Komplimenter mécht, dat ass duerchaus och eng Persoun di eng héich Sensibilitéit huet, ewéi och eng gewëssen Opmierksamkeet fir aner Persounen oder hir Matmënschen. Dëser Persoun falen och Saachen op, déi si dem Géigeniwwer ebe positiv kann zeréck ginn an einfach iwwermëttele kann."

Also dat nächst Kompliment wou dir gemaach kritt, net genéiert sinn, et unhuelen a villäicht dëser Persoun och eppes Léiwes nees zeréck ginn. Mee och mat nonverbaler Konversatioun kann een engem e Kompliment maachen, ewéi zum Beispill: Nécken oder léif laachen ewéi och grinsen. D'Wëssenschaftler soen, e gutt Kompliment kann nach 2 Méint duerno positiv op de Mënsch wierke.