Wann een der '"Doomsday Clock" gleeft ass et kuerz virun 12, also Mëtternuecht. "Doomsday Clock" oder an anere Wieder d'Weltënnergangsauer soll eis nämlech soen, wéini d'Mënschheet ausgeläscht gëtt. A gëschter Mëtten um 4 Auer eiser Zäit gouf dës no 2 Joer nees nei gestallt. An op wéi vill Auer steet se dann elo Max Richartz?

25/01/2023 Doomsday Clock gouf geréckelt

"Ma et ass nach net grad Mëtternuecht, mee se steet elo op 90 Sekonnen virun 12. Dat ass esou no wéi nach ni virdrun. Gestallt gëtt d'Auer vum "Bulletin of the Atomic Scientists". Dat ass eng Zeitung, déi sech mat Sécherheetspolitik, Friddensfuerschung a virun allem mam Thema Atomkrich auserneesetzt. Gegrënnt gouf des Zeitung vu Physiker, déi ënner anerem gehollef hunn Atombommen ze bauen an dunn awer och verhënnere wollten, dat des Bomme géint d'Mësche géifen agesat ginn. No den Ugrëffer mat Atombommen op Japan hunn si déi éischt Editioun vun hirer Zeitung 1945 erausbruecht fir op d'Gefor vun Atombommen opmierksam ze maachen."
 
A wie bestëmmt, wéi Zäre stoe sollen a wéini een se réckele muss?
 
"Bis 1973 huet dat de Redakter vun der Zeitung, den Eugene Rabinowitch entscheet. Hien huet mat Wëssenschaftler an Experte geschwat fir d'Auer richteg astellen ze kënnen. Zanter sengem Dout 1973 mécht dat awer elo e Grupp vu Wëssenschaftler a Sécherheetsexperten. Do dobäi sinn net just 18 Experten aus verschiddene Beräicher, mee och nach d'"Board of Sponsors". Dat ass eng Grupp vu Leit, an déi ee just mat enger Aluedung era kënnt. Do dozou gehéiert, hunn zum Beispill Leit, wéi den Albert Einstein oder och de Stephen Hawking."

 
A kann déi Auer just no fir oder och no hanne gestallt ginn?
 
"Se kann och nees zréck geréckelt ginn. Nom Atomteststopp 1963 an dem Atomwaffesperrkontrakt 1972 gouf d'Auer vun 2 Minutte virun 12 op 12 Minutte virun 12 gestallt. Am wäitste fort vun der 12 stoungen d'Zären 1991. Deemools stoung se op 17 Minutte virun 12. Zanterdeem si mer awer nees ëmmer méi no u Mëtternuecht komm."
 
A wat geschitt wann den Zär op Mëtternuecht ukomm ass?
 
"Eigentlech geet dat guer net. Well dat géif heeschen, dat et d'Mënschen net méi géif ginn. Also wier kee méi do, deen d'Auer kéint ëmstellen. Mee de Sënn vun der Auer ass net, de Leit Angscht ze maachen, mee ze weisen, dat eppes geschéie muss an datt et nach net ze spéit ass."