
© pixabay
Den Andy Warhol huet et warscheinlech am allerbeschten ausgedréckt: Kënschtler ass en Job wéi en aneren an haut ass Kreativitéit souwisou en Deel vun eisem Job. Heiansdo geet et awer net esou richteg virun an et feelt engem un Iddien. Amplaz op eng Inspiratiounswell ze waarde, kann een och aner Strategien ausprobéieren, mat deenen een säi kreatiivt Denken wéi e Krunn opdréine kann.
Dacks denkt ee beim Thema Kreativitéit jo u kënschtleresch Talent, wéi en impressionnant Bild ze molen oder e Bestseller ze schreiwen, vläicht och eng emouvant Musek ze komponéieren, mee domat ass et awer nach laang net gedoen, Michèle Schons?
Oder et heescht dass een säin Talent schonn an der Wéi mat op de Wee krut etc... Déi Virstellunge sinn e Mythos. Kreativitéit ass nämlech wierklech en Don, deen all Mënsch huet an deen trainéiert ka ginn. Methode ginn et der eng Jett, verschiddener liicht, fir anerer muss ee méi laang üben. Witzegerweis hunn australesch Fuerscher eng Methode aus dem Archiv gekroopt, vun deem Mann, deen d'Bier an de Phonograph erfonnt huet, dem Thomas Alva Edison. Deen huet sech, wann en eng kreativ Blockad hat, an seng Fotell gesat, mat enger metalle Bull am Grapp an huet eng Aart Hallefschlof gemaach. Doduerch dass d'Bull iergendwann erofgefall ass, ass en erféiert an huet sech un seng Dreem oder Visiounen déi en am Hallefschlof hat erënnert. An där Iwwergangsphase verschwënnt dat strukturéiert Denken an do kann ee besonnesch kreativ Iddien entwécklen. De Risk an e Ganzschlof ze falen, ass natierlech grouss an da wären d'Iddie ganz fort. D'Fuerscher hunn dat Experiment mat enger Rei Leit ausprobéiert mat erstaunlech positive Resultater. De Salvador Dali war iwwregens och Verfechter vun där Method.
Eng Aart ganz kuerz Powenap géing ee bal mengen. Wéi s de ugeschwat has, där Methode, fir erëm an de Floss ze komme, ginn et der vill, eng dovunner ass och Plaz an Entourage changéieren. E puer grouss kreativ Käpp wéi Steve Jobs oder Charles Dickens sinn dofir bekannt, dass se gäre wärend der Aarbecht spadséiere gaange sinn, wann e bestëmmte Problem se geplot huet.
Effektiv. Schonn an der Antik war spadséiere goen en immenst gutt Rezept fir kreativ Iddien. Och do weise ganz modern Etüden, dass déi antik Geléiert et richteg gemaach hunn. Allerdéngs funktionéiert déi Ureegung awer nëmmen dann, wann een einfach ouni Ziel trëppelt an net enger fester geplangter Streck no geet. Et ass nämlech guer net d'Bewegung déi hëlleft méi flexibel ze ginn, mee de Fokus vun der Opmierksamkeet. Wa mer d'Gedanke fléisse loossen, schéngt dat d'Inspiratioun ze fërderen.
Fir den Alldag bedeit dat, wa mer nei Iddie sichen, fanne mer se net um Büro hannert dem Ecran. An et hëlleft esouguer scho wann een säi Bléck op eppes anescht riicht, sief et am Raum, oder aus der Fënster eraus.

© pixabay