Eng Diagnos ass eng Saach, déi richteg Hëllef duerno eng aner. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall an der Praxis, deen de Moment zimmlech heefeg ass, an nawell ass net ëmmer déi éischt Iddi, déi op der Hand leit, déi richteg. Eng Kaz déi néitscht huet net ëmmer de Schnapp.

26/01/2023 Déierentipp: Ass et de Kazeschnapp?

Zanter Méint schnuddelt de schwaarzwäiss, kastréierte Kueder Felix, a seng Leit wëssen hirer Hänn esou lues kee Rot méi. Am Ufank gouf natierlech un de Kazeschnapp geduecht. Zwar geet de Felix net eraus an och an de Vakanzen vu senger Famill wann hien vu Frënn versuergt gëtt, bleift hien am strikten Indoor-Regime. Mais well déi Leit awer och eng Kaz hunn an déi erausgoen däerf, gëtt de Felix reegelméisseg geimpft. A souwisou deet déi klassesch Kazekränkt ëmmer och d'Aen mat schwëllen an tréinen. Dem Felix seng Guckelcher waren awer guer net am Jelli, woumat de Kazeschnapp als Ursaach fir säi Néitschen schonn emol eliminéiert war.

Romi Roth - ass et e klassesche Kazeschnapp

Vläicht eng Allergie?

Allergesch Ursaachen fir d´Néitschen, gëtt et bei Kazen nawell vill. An hier Nuese si grad am Moment och oft irritéiert duerch dréchen Heizungsloft an all méiglech Sprayen fir ze parfuméieren, ze botzen oder ze desinfizéieren. All déi Ursaachen konnte beim Felix awer eliminéiert ginn. Eng Röntgen huet gewise wou säi Problem war: seng béid iewescht Eckzänn hate Wuerzelabcèsen. D´Schank vum ieweschte Kifer war tëscht dem Mond an der Nues schonn duerchgebrach. Déi krank Zänn goufe séier gezunn a no enger Therapie géint déi chronesch Pilzentzündung a senge Sinusen, war de Felix erëm wéi nei.

Romi Roth - Kazeschnapp - a méiglech Ursaachen