Dës Woch si bekanntlech d'Oscar-Nominatiounen annoncéiert ginn. An déi Annonce huet eppes confirméiert, wat jidderee wousst, deen de Film scho gesinn huet. Sechs Nominatiounen, dorunner eng fir seng Haaptactrice. D'Cate Blanchett ass domadder fir d'aacht an hirer Karriär nominéiert. De Film: Tár vum Todd Field, deen eis den Tom Dockal elo als Top Film vun der Woch virstellt.

280123 Film vun der Woch TÃ?R 9h10

Ënnert den zéng Filmer, déi potenziell d'Oscar-Statue vum sougenannte Beschte Film mat Heem huele kënnen, ass keen esou schwéier gräifbar a flutscht esou séier duerch d'Fanger erduerch ewéi Tár vum Todd Field. An et huet näischt domadder ze dinn, dat e bal zwou Stonnen a véierzeg Minutten dauert. Nee, de Realisateur a seng Haaptactrice, déi all Sekonn de Film dominéiert, refuséieren einfach Léisungen an Äntwerten zu Diskussiounen, déi d'Welt déi lescht Jore gesellschaftlech markéiert beschäftegt huet. Muecht a säi Mëssbrauch, Metoo a Cancel-Kultur.

D'Cate Blanchett ass d'Lydia Tár, eng Orchesterdirigentin um Zenit vun hirem Kënnen. Huet all Präis gewonnen, deen et am Kultur- a Konschtbretriib ze wanne gëtt an alles a jiddereen spillt no hirer Gei. Enfin, no hirem Dirigéier-Bengel. Déi éischt Gei spillt de Personnage vum Nina Hoss, mat deem d'Tár zu Berlin lieft a gemeinsam zéie si eng Duechter grouss. D'Opnam vum Mahler senger Fënnefter sollt déi nächst Kiischt um Kuch ginn. Mee Leit, déi alles hunn, geet dat dacks net duer. Iergendwann dauchen Rumeuren op iwwer hir Aart a Weis, mat Leit ëmzegoen an de Lien gëtt gemaach zu engem Suizid vun enger jonker Musekerin, déi vläicht net just nëmmen am Tár hirem Orchester matgespillt huet.

Den Todd Field huet 16 Joer näischt realiséiert – d'ailleurs, säi viregte Film Little Children wäert den 11. Februar an der Cinemathéik um Programm sinn – an huet dann d'Geschicht an d'Roll vum Lydia Tár fir d'Cate Blanchett geschriwwen. Natierlech. Och si ass an hirem Beruff ganz uewen. Mee de Field interesséiert sech wéineg fir e Meta-Level. Éischter déi grouss an éiweg Fro: muss ee mam Kënschtler oder der Kënschtlerin sympathiséieren, fir d'Konscht z'appreciéieren? Kann een déi zwee trennen? Nach eng Kéier, den Auteur-Realisateur liwwert keng Äntwerten. De Film subvertéiert all Erwaardung, déi een dem Film géigeniwwer opbrénge kéint. D'Genrecode vum Psychothriller an Horror gi subtil geséint, de Biopic gëtt äiskal dekonstruéiert – d'mise en scène ass vun enger kalbliddeger Sterilitéit, déi all Upak schwéier mécht – an de Film ameséiert sech, esou ze sinn ewéi déi portraitéiert Mënschen a Welt, just fir se gläichzäiteg an hirer versnobbter Pretentioun ze kritiséieren. Jiddereen wäert anescht op de Film reagéieren. Just fir ze soen: et geet esouwäit, dat dem Film Fraefeindlechkeet virgeheit gëtt. Tár ass e konsequent erwuessene Blockbuster, deem seng Haaptactrice warscheinlech d'Roll vum Liewe spillt a säi Realisateur den assuréiertsten Dirigent ass, obwuel en et esou seele mécht.