Geschwënn ass Fuesvakanz! An do fiert bestëmmt deen een oder aneren an d’Bierger. An deem engen oder anere Bäifuerer wäert et ënnerwee schlecht ginn. Wann ee selwer fiert, huet een dee Problem komescherweis ni. Firwat ass dat sou, Mister Science?

02/02/2023 Mr Science

De Phänomen gëtt Kinetose genannt, dat ass d’Beweegungskrankheet. Dat geschitt wann eis Sënner widderspréchlech Signaler un d'Gehier schécken. Wa mir zum Beispill e Buch oder op en Handy wärend der Faart an engem Auto kucken, soen eis Aen: "Mir stinn nach ëmmer." Mee d’Knubbelen an der Strooss oder e séiert fueren duerch d’ Kéieren huet en Effekt op Sensoren, déi an eisem banneschten Ouer, an de Muskelen an an de Gelenker sinn. Si reagéieren op mechanesch Kräften - wéi d’Beschleunegung, a soen: "Mir beweegen eis." Dat mécht eist Gehier duercherneen. D'Resultat: mir gi bleech, eis gëtt schwindeleg, an am Extremfall muss een sech iwwerginn. Wa mir selwer fueren, gesäit et e bëssen anescht aus. Well da sinn eis Aen ëmmer op der Strooss. Si gesinn datt mir eis beweegen, an d'Signaler passe mat deene vun eise Sensoren am banneschten Ouer, Muskelen a Gelenker openeen.

Tatsächlech kann et jidderengem iergendwann a sengem Liewe geschéien. Den Alter schéngt hei eng Roll ze spillen. Kanner bis ongeféier zwee Joer schéngen zimmlech onsensibel ze sinn. Tëscht zwee an zwielef geet d'Sensibilitéit fir d’Bewegungskrankheet staark erop. Duerno vergeet dat bei deenen meeschten erëm. Awer net bei jidderengem. Fraen hu méi dacks mam Problem ze kämpfe wéi Männer. De gréissten Impakt huet awer dat wat mir eise Sënner wärend dem Fueren ubidden. Een Extrem wier et, direkt iwwert der hënneschter Achs vum ale Schoulbus op enger knubbeleger Strooss ze fueren, a nieft dem Liese vun engem Buch och nach de Geroch vun Ofgasen anzeootmen. Extrem Richtungsännerungen a Kombinatioun mat schlechte Geroch a monotoner Aenaarbecht si bal Garant dofir datt et dir schlecht gëtt. Séikrankheet op Schëffer a Loftkrankheet a Fligeren hunn iwwregens déi selwecht Origine.

An da gëtt et d'Astronautekrankheet: An der Schwerelosegkeet spieren d’Sensoren am Bannenouer keng Beweegung mee d’Aen gesinn se awer. D’Gehier huet rëm widderspréchlech Informatiounen an da gëtt et engem schlecht. Relativ nei, a méi buedemstänneg ass d'VR Krankheet. VR steet fir virtuell Realitéit an et sinn ëmmer méi Leit, déi dës speziell Casquen iwwer d’Aen zéie fir an aner Welten anzetauchen. A munch Spiller hunn duerno Problemer mat Iwwelzegkeet oder Kappwéi. An dat schléit Wellen: Zum Beispill muss Microsoft seng VR Brëller fir den US Militär iwwerschaffen an den erwaarte virtuell reality Hype an der Gesellschaft, op dee vill Leit haten, schéngt net anzetrieden. Iwwelzegkeet ass net grad eng gutt Reklamm fir eng Erfarung a virtuelle Welten. Natierlech hänkt et och hei dovunner of wat ee mécht. D'Wëssenschaft ass awer elo ëm sou méi gefuerdert, muss d'Ursaache méi präzis ënnersichen a Léisunge fannen. A genee dofir bleift d'Fuerschung spannend.

---------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Wat kann ee maache wann et engem schlecht gëtt am Auto?

Wann ee weess datt et engem dacks schlecht am Auto oder am Bus gëtt, da soll een sech am beschte Vir sëtzen an duerch d’Fënster kucken. Et ass am beschte fir e fixe Punkt um Horizont ze fixéieren. De Kanner kann een hëllefen andeems een déi bekannten Autofuerer Spiller spillt: “Ech gesinn eppes wats du net gesäis” - zum Beispill. Wann et nach agreabel am Auto richt - well een op d’fëmme verzicht – dann hëlleft dat direkt op méi Manéieren. Wann ee besonnesch sensibel ass, kann een e Stéck Ingwer probéieren. Et soll hëllefen e klengt Stéck vun der schaarfer Wuerzel ze knätschen. A fir déi wierklech haart Fäll ginn et Medikamenter. Awer si bekämpfen awer nëmmen d'Symptomer wéi de Reiz sech ze iwwerginn.