Schlof ass wichteg, well wärend där Zäit passéieren lieweswichteg Prozesser am Kierper, an Schlof huet och Repercussiounen bei Zockerkrankheet an Häerzkreeslaferkrankungen. Mam Dr Marc Keipes, dem Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare kucke mer haut wéi laang een am Idealfall schlofe soll, an dofir baséiert hien sech op eng rezent Etüd.

Déi neuroprotektiv Wierkung vum Schlof op eist Gehier, gëtt hei ënnersicht. Also gëtt wierklech nuets de Gedankenoffall aus eisem Gehier eliminéiert, an an déi berüümten Poubelle gedréckt, an doduercher eis kognitiv Funktiounen wierklech besser? Bal 500.000 Participanten am Alter tëscht 38 an 73 Joer hu Questionnairen, an eng ganz Rei aner Tester gemaach, tëscht 2006 an 2010. Se sinn bis 2016 an 2017 suivéiert ginn.

Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - ideal Schlofdauer - Etüd

Bei der Etüd huet een also kloer Fakten déi beleeën wéi laang een optimal schlofe soll. Et lauschtert een net just op e Bauchgefill.

Also ze wéineg Schlof verschlechtert eis kognitiv Funktiounen, mee ze vill Schlof och. Déi ideal Schlofdauer, also déi Zuel u Stonne Schlof, mat där am beschten Resultater eraus koumen, sinn 7 Stonnen. Also praktesch gekuckt muss een gesinn, wéini muss ech opstoen, et rechent een zeréck an dann versicht een schonn emol eng Stonn virdrun méiglechst op Handy, Tablet oder Telé ze verzichten, sou dass ee gutt ukënnt.

Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - ideal Schlofdauer - Resultater