
Série Noiren gëtt et och an der Déieremedezin. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet et haut direkt mat 3 Kazen ze dinn, wou eng méi schlëmm wéi déi aner betraff ass, an et drëms geet, séier eng Léisung vum Problem ze fannen.
Des Lescht waren 3 Kazepatienten hospitaliséiert, déi doheem iwwerhaapt näischt méi friesse wollten. Beim Lilly war et nodeems him e puer Zänn gezu gi waren. D´Lou hat en allergesche Schnapp, wéinst engem Deopolver a senger Kazestree. Zanter bal enger Woch huet et net méi gefriess well et säi Fudder net méi riche konnt. An de Leo hätt seng Krocketten jo direkt geholl. Mais wéinst deenen hat hien missen mat Steng an der Blos operéiert ginn an un en anert, naasst Fudder, ass hien fir ze Baschten emol net schnoffele gaangen.
Jo, Kaze kënnen immens stuer sinn, zemol wann et ëm d'Friesse geet.
An dat ass bei Kaze liewensgeféierlech. Wann hier Liewer an e Keto-Regime kënnt, well se déi eege Substanz verdaut, kréie si séier de Fat-Liver-Syndrome. Fettbëmmelcher zerquëtschen dann d´Zellkären an hirer Liewer an da kënnt et zu enger och bei Kazen déidlecher Liewerzirrhos. D´Lilly, d´Lou an de Léi goufen dowéinst mat Zockerbaxteren ënnert d´Haut behandelt an mat engem extrae flëssegen Noutfudder opgepäppelt. Beim Lilly hunn dunn Medikamenter géint d´Péng an de Psychostress gehollef, dass et nuets, wa keen an der Géigend war, seng Schësselchen eidel gemaach huet. D´Lou huet mat antiallergesche Medikamenter an enger neier Crème fir bannen an d´Oueren, erëm gejickt. An de Léi krut Appetit iwwert e bësse Valium a wéi hien deenen aneren zwee beim Friesse nogekuckt huet.