
Zanter dem Enn vum 17ten Joerhonnert, wou de Kaffi sech an Europa breet gemaach huet, gouf et direkt Liibhaber a Verfechter, mee bal genau sou laang och Feinden déi dem Kaffi allméiglech schlecht Wierkungen nosoen. Hei ass elo eng Etüd mat bal 450.000 Leit déi méi wéi 12 Joer iwwerwaacht goufen. Wärend där Zäit sinn bal 28.000 Leit gestuerwen, 6,2% waren dat.
Gi mer dann an den Detail vun der Etüd an zielen d'Tasen bis et geféierlech gëtt.
Déi Leit déi tëscht 4 a 5 Tasen Kaffi am Dag gedronk hunn, haten signifikant manner Arrhythmien, wéi Leit déi guer keen Kaffi gedronk hunn. Bei Instant Kaffi waren et 2 bis 3 Tasen. Et gouf bei deene Quantitéiten och manner aner Häerzkreeslaferkrankungen wéi Häerzinsuffizienz oder e chemeschen Hiereschlag. Firwat dat esou ass féiert ze wäit. D'Kausalitéit konnt och net genee gekläert ginn. Drénken einfach méi gesond Leit Kaffi wéi Kranker, oder mécht Kaffi wierklech gesond? Interessant wier et och ze wëssen wéi vill Zocker an deem Kaffi war. Feststelle kann een. Kaffi ass net schiedlech bis 6 Tasen den Dag.